Wéinst Gëft-Uschlag op den TerrainMatch an der Coupe tëscht Ottensen a Leipzig gëtt elo awer zu Leipzig gespillt

RTL Lëtzebuerg
Theoretesch hätt den ënnerklasseche Veräin ëmmer Heemrecht, mä an dësem Fall misst een elo eng Ausnam maachen, seet den DFB-Vizepresident Peter Frymuth.
© FIRO/SID

Nodeems en Dënschdeg Onbekannter den Terrain zu Dessau mat enger chemescher Substanz manipuléiert hunn, gouf gesot, datt een ënner dësen Ëmstänn de Coupe-Match tëscht Teutonia Ottensen an dem RB Leipzig net wéi ugeduecht zu Dessau spille kéint. Iwwerdeems hat den DFB kloer gestallt, datt een de Match net zu Leipzig spillen dierft an ee sech no engem aneren Terrain ëmkucke misst, well dëst d’Gesetzer an d’Reegele vum DFB virschreiwe géifen.

Allerdéngs ass een op Säite vum DFB vun der Decisioun elo zréckgeruddert. Well de Match schonn a sechs Deeg gespillt gëtt, wier et net méiglech, nach en anere Stadion ze fannen, an deem gespillt kéint ginn. Doduerch hätt ee sech dozou entscheet, d’Heemrecht fir de Match ze wiesselen an de Match am Stadion vu Leipzig ze spillen, esou de Peter Frymuth.

Back to Top
CIM LOGO