Speziell Amenter, Matcher a Victoiren, déi ville Fans an Erënnerung bleiwen. Fussball ass eng Sportaart, déi bei de Leit eng gewëssen Euphorie ausléisst. Eng Sportaart, déi Natioune verbënnt, virun allem dann, wann eng Weltmeeschterschaft gespillt gëtt.
2010 huet d’Futtball-Organisatioun Fifa annoncéiert, datt den arabesche Wüüstestaat Katar d’Weltmeeschterschaft 2022 organiséiere wäert an den 20. November geet et lass, mam 1. Match Katar géint Equator. Am Ganze spillen 32 Nationalekippen ëm d’Coupe. 29 Deeg dauert d’Kompetitioun, déi dëst Joer ausnamsweis am Wanter ass – dat, well et am Katar am Summer ze waarm ass.
Ma ronderëm dës Weltmeeschterschaft ass vill Polemik. Der Fifa gëtt Korruptioun virgeworf. De Katar soll d’Weltmeeschterschaft kaf hunn. Ma och déi kontrovers politesch a gesellschaftlech Ëmstänn am Land suerge fir vill Kritik. Mëssuechte vun de Mënscherechter, Fraefeindlechkeet an homophob Aussoe vum kataresche WM-Ambassadeur, op déi ënnert anerem och de Premier Xavier Bettel reagéiert huet. Dozou komme schlecht Aarbechtskonditiounen an eng sëlleg Aarbechtsaccidenter op de Schantercher vun den aacht neie WM-Stadien. Och de massiven Energieverbrauch, fir d’Strukturen am Wüüstestaat ze killen an d’Terrainen a Stand ze halen, gëtt kritiséiert. Alles dat féiert dozou, datt ëmmer méi Leit zum Boykott opruffen.
Wéi gesäit et zu Lëtzebuerg aus? Kucken d’Leit d’WM?
An enger net representativer Ëmfro op RTL.lu, bei där 4.653 Leit matgemaach hunn, hunn 39 Prozent vun de Participante mat Nee geäntwert. 32 Prozent wäerte sporadesch e puer Matcher kucken, 29 Prozent hunn uginn, wéi ëmmer, déi ganz WM ze kucken. An och bei enger Ëmfro an der Stad ware sech d’Leit a Saache Boykott net eens.
Ma wien d’Matcher hei am Land awer kucke wëll, dee muss dat warscheinlech doheem, am Sportsclub oder am Bistro maachen. Déi véier gréisste Gemengen am Land haten nämlech scho viru Wochen annoncéiert, kee Public Viewing ze organiséieren. An och an de Rotonden an der Stad, wou zanter 2010 all WM- an EM-Matcher gewise goufen, bleiwen d’Ecranen dëst Joer aus. Alternativ bidden d’Rotonden awer natierlech weider e gefëllten, kulturelle Programm.
Schlussendlech bleift et awer u jidderengem selwer ze entscheeden, wéi hien d’WM am Katar wëll erliewen.