Sécherlech gemëschte Gefiller bei der Lëtzebuerger Futtballnationalekipp no der Auslousung vun der Qualifikatioun fir d’Weltmeeschterschaft an zwee Joer am Qatar. D’FLF-Formatioun ass am Grupp A mam Europameeschter Portugal, Serbien, Irland an dem Aserbaidschan. D’Rout Léiwen sinn awer deemno just an engem 5er Grupp. De Lëtzebuerger Nationaltrainer Luc Holtz wär jo gär an e 6er Grupp geloust ginn.
An enger éischter Reaktioun sot den FLF-Coach am RTL Interview, datt et awer kee Wonschconcert ass, an datt een et elo hëlt, wéi et komm ass. Hien ass sech awer bewosst, datt et esou schwéier gëtt, déi 10 Punkten-Mark vun der Qualifikatioun fir d’EM 1996 ze knacken.
Eis Däitsch Nopere kréien et mat Rumänien, Island, Nord Mazedonien, Armenien a Liechtenstein ze dinn. Fir Frankräich heeschen d’Géigner Ukrain, Finnland, Bosnien an Herzegowina a Kasachstan. An d’Belsch muss sech mat Wales, der Tschecher Republik, Belarus an Estland moossen.
D’Qualifikatioun gëtt tëscht Mäerz an November d’nächst Joer gespillt. Déi 10 Gruppegewënner qualifizéiere sech fir d’WM. Dono bleiwen 3 Plazen, déi iwwer Playoffs entscheet ginn.
Grupp A
Portugal
Serbien
Republik Irland
Lëtzebuerg
Aserbaidschan
Grupp B
Spuenien
Schweden
Griichenland
Georgien
Kosovo
Grupp C
Italien
Schwäiz
Nordirland
Bulgarien
Litauen
Grupp D
Frankräich
Ukrain
Finnland
Bosnien/Herzegowina
Kasachstan
Grupp E
Belsch
Wales
Tschechesch Republik
Belarus
Estland
Grupp F
Dänemark
Éisträich
Schottland
Israel
Färöer Inselen
Moldawien
Grupp G
Holland
Tierkei
Norwegen
Montenegro
Lettland
Gibraltar
Grupp H
Kroatien
Slowakei
Russland
Slowenien
Zypern
Malta
Grupp I
England
Polen
Ungarn
Albanien
Andorra
San Marino
Grupp J
Däitschland
Rumänien
Island
Nord Mazedonien
Armenien
Liechtenstein