FIBA Women's EuroBasket 2025Lëtzebuerg trëfft am Grupp H op d'Schwäiz, Montenegro a Bosnien-Herzegowina

RTL Lëtzebuerg
D'Qualifikatiounsmatcher fir d'Europameeschterschaft am Dammebasket wäerten am November 2023, am November 2024 souwéi am Februar 2025 gespillt ginn.
© AFP

Dobäi treffen d’Lëtzebuergerinnen op albekannte Géignerinnen. Schonns an der Qualifikatioun fir d’Europameeschterschaft am Joer 2023 haten d’Rout Léiwinnen géint d’Schwäizerinnen gespillt, géint déi d’Lëtzebuergerinnen deemools souguer gewanne konnten. D’Favoritinnen am Grupp dierften allerdéngs d’Dammen aus Bosnien-Herzegowina sinn, déi an der Weltranglëscht op der 17. Plaz stinn, souwéi d’Montenegrinerinnen op der Plaz 24.

Hei all d’Gruppen am Iwwerbléck:

Grupp A
Spuenien, Kroatien, Holland, Éisträich

Grupp B
Ungarn, Slowenien, Bulgarien, Finnland

Grupp C
Belsch, Polen, Litauen, Aserbaidschan

Grupp D
England, Schweden, Dänemark, Estland

Grupp E
Frankräich, Lettland, Israel, Irland

Grupp F
Tierkei, Slowakei, Rumänien, Island

Grupp G
Serbien, Ukrain, Portugal, Nordmazedonien

Grupp H
Lëtzebuerg, Schwäiz, Montenegro, Bosnien-Herzegowina

Grupp I
Italien, Griicheland, Tschechien, Däitschland

Back to Top
CIM LOGO