
D’Ekipp vum Fabio Aiuto ass sechs Deeg no der Defaite géint Portugal fir de sechste Match a Schweden ugetrueden. Zu Lund stoung et no knapp 60 Minutten 3:0 fir d’Heemekipp. Lëtzebuerg hat duerch d’Nathalie Braas wuel den éischte Punkt vum éischte Saz markéiert, mee duerno hunn d’Schweedinnen mat engem 6:0-Laf séier gewisen, wien Här am Haus ass. Den éischte Saz goung mat 25:11 u Schweden.
Am zweeten Saz konnten d’Rout Léiwinnen de Match méi laang oppen halen, hu sech um Enn awer mat 13:25 musse geschloe ginn. Den drëtte Saz goung mat 25:14 nees zimmlech kloer un d’Schweedinnen.
D’FLVB-Dammen hunn domat bis elo all Match an der Silver League verluer a konnten och nach kee Saz fir sech entscheeden. Den nächste Match ass den 22. Juni um 17 Auer an Estland.