U18-EM DammebasketLëtzebuerg wënnt Krimi géint d'Slowakei a steet elo an der Halleffinall

RTL Lëtzebuerg
D'Lëtzebuerger U18-Damme maache weiderhin op sech opmierksam bei de European Championships. Si konnte sech an hirer Divisioun géint d'Slowakei behaapten.
© Roland Miny (Archiv)

De Match ass an d’Verlängerung gaangen, mat dem besseren Enn fir d’Lëtzebuergerinnen. Si konnte ech mat 82 op 77 behaapte géint d’Slowakei a stinn elo an der Halleffinall. Do kréie si et mat Bosnien Herzegowina ze dinn.

Et war nees eng Kéier d’Ehu Etute déi dem Match hire Stempel opgesat huet. Mat 48 Punkten a 24 Rebounds war d’Lëtzebuergerin nees eendeiteg d’Matchwinnerin.

Back to Top
CIM LOGO