
Op der Ekippe-Weltmeeschterschaft am Dëschtennis zu Busan a Südkorea hunn d’Lëtzebuerger Dammen an der Nuecht op e Méindeg an hirem drëtte Match 3:1 géint den Iran gewonnen. An der leschter Partie an der Gruppephas geet et elo nach an der nächster Nuecht géint Südafrika.
Géint Japan a Brasilien hat d’FLTT-Formatioun an de leschten Deeg verluer.
De Gruppenéischten ass direkt fir d’Aachtelsfinall qualifizéiert, d’Gruppenzweet- an Drëtt mussen nach eng weider Ronn spillen. Sarah de Nutte a Co. dierften op der drëtter Plaz ofschléissen. Wann d’Lëtzebuergerinnen an d’Véierelsfinall kéimen, wäre si fir d’Olympesch Spiller am Summer zu Paräis “par equipe” qualifizéiert.