Vum 9. bis den 12. AugustLëtzebuerger Nationalekipp op der EM vum "Touch Rugby"

RTL Lëtzebuerg
Den Touch Rugby ass eng Variant vum klassesche Rugby, deen uechter ganz Europa jo immens beléift ass.

Wat ass Touch Rugby?

Beim Touch Rugby spillen zwou Ekippe vu jeeweils 6 Leit géinteneen, woubäi ee bis zu 8 Auswiesselspiller dierf dobäi hunn. Gespillt gëtt zweemol 20 Minutten. All Ekipp huet esoulaang de Ball, bis se méi wéi 6 Mol touchéiert gi sinn, dono wiesselt de Ballbesëtz. Allkéiers, wann e Spiller beréiert gëtt, muss d’Ekipp, déi verdeedegt, 7 Meter no hanne réckelen.

Touch Rugby zu Lëtzebuerg

Gespillt gëtt hei deels och am Mixte, dat heescht et sti souwuel Damme wéi och Hären um Terrain. De Rugby Club Lëtzebuerg spillt mat enger Ekipp Mixte am belsche Championnat mat, wou op d’mannst 3 Dammen um Terrain stinn.

D’Lëtzebuerger Nationalekipp besteet aus 16 Persounen, déi meescht vun hinnen hu schonn international Erfarunge gesammelt. Et sinn awer och nei Spiller dobäi.

EM 2023 zu Vichy a Frankräich

Dës Ekipp ass dann och vum 9. bis den 12. August bei der Europameeschterschaft zu Vichy a Frankräich dobäi. Hei wäerte méi wéi 1.000 Spiller, 400 Offizieller a 50 Ekippen (Hären, Dammen a Mixte a verschiddenen Altersklassen) aus 14 Länner dobäi sinn.

D’Lëtzebuerger Nationalekipp preparéiert sech schonns zanter Dezember op dëst Evenement an hat dobäi och Frëndschaftslännermatcher géint Frankräich an d’Belsch.

E weideren Objektiv vun der Lëtzebuerger Nationalekipp ass d’WM 2024 an England.

D’Matcher vun der EM kann een um offizielle Site suivéieren. Weider Informatioune fënnt een och um Instagram vun der Nationalekipp.

Back to Top
CIM LOGO