No Victoire géint EnglandLëtzebuerger U17 huet sech fir d'EM an Israel qualifizéiert

RTL Lëtzebuerg
No de Resultater um Mëttwoch vum Grupp 1 an der Eliteronn vun der Qualifikatioun ass kloer, dass déi jonk Rout Léiwe sech fir d'EM qualifizéiert hunn.
Lëtzebuerger U17 huet sech fir d'EM an Israel qualifizéiert
No de Resultater um Mëttwoch vum Grupp 1 an der Eliteronn vun der Qualifikatioun ass kloer, dass déi jonk Rout Léiwe sech fir d’EM qualifizéiert hunn.

Och wann am Grupp 6 am Abrëll eréischt gespillt gëtt, gehéiert d’Formatioun vum Mario Mutsch zu de 7 beschten Tabellenzweeten. D’EM gëtt vum 16.Mee bis den 1.Juni gespillt.

Et ass déi zweete Qualifikatioun fir eng EM. 2006 waren d’Lëtzebuerger automatesch als Organisateur qualifizéiert. Deemools nach mam Miralem Pjanic.

RTL-News: U17-EM-Qualifikatioun - Lëtzebuerg klappt England sensationell mat 2:0

PDF: Offiziellt Schreiwes vun der FLF

Back to Top
CIM LOGO