
Duerch eng 3:1-Victoire géint d'Slowakei e Samschdeg krut Lëtzebuerg e Sonndeg d'Chance em déi 5. Plaz ze spillen a sech domat fir de nächsten Tour ze qualifizéieren. Des Chance sollten d'Lëtzebuerger sech dann och net entgoe loossen a gewannen déi entscheedend Partie mat 3:2 géint Zypern.
Duerch dës fënneft Plaz beim Tournoi qualifizéieren sech d'Lëtzebuerger U20 Häre fir déi zweet Ronn vun der EM-Qualifikatioun déi am Januar 2027 wäert gespillt ginn.
An engem serréiertem 1.Saz konnt Lëtzebuerg bei Stand vun 21:24 wuel nach op 24:24 ausgläichen, fir de Saz ze gewanne sollt et awer net méi duergoen (24:26). Obwuel een am 2. Saz fréi mat 5:8 a Réckstand louch huet een duerch eng gutt Block-Defense Aarbecht de Score konnten dréinen an den zweeten Saz mat 25:21 fir sech entscheeden.
Manner gutt sollt den drëtte Saz lafen. Trotz enger confortabeler Avance vu 14:9 sollt de Saz um Enn mat 23:25 verluer goen an Zypern war zu dësem Zäitpunkt mat 2:1 am Avantage. Nodeems een den 4. Saz dunn nees mat 25:20 fir sech entscheede konnt, ass de leschten an decisive Saz onglécklech ugaangen. Den Haaptattaquant vun de Roude Léiwen Noah Oesch huet sech blesséiert a konnt de Match net weider spillen. D'Ekipp vum Cedrik Braun sollt dat awer net aus der Rouh bréngen a gewënnt no enger staarker Prestatioun um Enn mat 15:13 an 3:2 am Total.