
Nodeems ënnert der Woch d’Retourmatcher an der Champions-League-Véierelsfinall gespillt goufen, stoungen en Donneschdeg d’Véierelsfinalle vun der Europa-League um Programm. Hei war de Lëtzebuerger Nationalgolkipp Anthony Moris fir d’Union Saint-Gilloise am Asaz.
Leverkusen gewënnt mat 4:1 géint d’Union Saint-Gilloise. Manchester United verléiert mat 0:3 géint Sevilla an am Match tëscht Juventus a Sporting Lissabon gëtt et beim 1:1 kee Gewënner. D’ASRoma kann an der Verlängerung mat 4:1 géint Feyenoord Rotterdam gewannen an als lescht Ekipp an d’Halleffinall anzéien.
0:1 Diaby (2'), 0:2 Bakker (37'), 0:3 Frimpong (60'), 1:3 Terho (64'), 1:4 Hlozek (79')
Nodeems d’Belsch mam Anthony Moris am Allersmatch zu Leverkusen duerchaus ze iwwerzeege wossten, sollt de Retourmatch allerdéngs denkbar schlecht fir d’Union Saint-Gilloise ufänken. Schonn an der 2. Minutt huet d’Defense vun der USG net gutt ausgesinn a Leverkusen zum 1:0 invitéiert. Den Diaby konnt vun Onstëmmegkeeten an der belscher Defense profitéieren, sech eleng duerch d’Bascht maachen an de Ball schlussendlech laanscht de Moris am Gol ënnerbréngen. D’Union Saint-Gilloise huet sech duerno allerdéngs séier gefaangen an huet probéiert no vir ze spillen, mä de Boniface konnt säi schéine Solo an der 8. Minutt net belounen, well säi Schoss schlussendlech an de Corner deviéiert gouf. No enger intensiver Ufanksphas ass de Match ofgeflaacht a béid Formatioune si seelen am géigneresche Strofraum opgedaucht. Déi geféierlechsten Aktioun hat nach Leverkusen mam Bakker senger schaarfer Flank, déi an der 22. Minutt kee Matspiller fonnt huet. D’Belsch hu sech an hirem Offensivspill schwéier gedoen an d’Leverkusener hu sech zréckgezunn an op Feeler am Spillopbau vun der USG gewaart, fir se dann auszekonteren. Dëst sollt hinnen och an der 37. Minutt geléngen. Den Diaby huet sech de Ball erkämpft a séier op den Hlozek gespillt, deen iwwer riets marschéiert ass. Dësen huet de Ball du perfekt op de Bakker geflankt, deen de Ball zum 2:0 an de Gol geschoss huet. Och bei dësem Géigegol war de Moris ouni Chance. Doropshin hat d’USG nach eng kléng Chance duerch de Machida, mä och de Japaner konnt de Ball net zwéngend genuch a Richtung Gol bréngen, soudatt et mat engem 2:0 aus Leverkusener Siicht an d’Paus gaangen ass.
Nom Téi hunn d’Belsch méi zilorientéiert no vir gespillt, mä et waren awer d’Gäscht aus Däitschland, déi den nächste Gol markéiere konnten. Dobäi konnten d’Leverkusener vun engem Feeler vum Moris profitéieren. Dëse gouf an der 60. Minutt vum Bakker ugelaf an ënner Drock gesat. De Lëtzebuerger konnt de Ball du just nach an d’Féiss vum Frimpong deviéieren, deen de Ball zum 3:0 am eidele Gol ënnerbrénge konnt. Nëmme 4 Minutte méi spéit konnt d’USG dunn awer e Gol markéieren. Den Terho huet sech en Häerz gefaasst an huet aus der Distanz ofgeschloss. Säi Schoss ass u Mann a Maus laanscht gaangen an huet säi Wee schlussendlech an de Gol fonnt. Duerno huet d’Union Saint-Gilloise richteg gedréckt an hat souwuel duerch de Boniface an der 67. Minutt, souwéi duerch den Adingra an der 69. Minutt d’Méiglechkeet en zweete Gol ze schéissen. Allerdéngs hu bei béiden Ofschlëss nëmmen Zentimeter gefeelt. De Bam huet duerno des Ëfteren am Strofraum vu Leverkusen gebrannt, mä d’Belsch konnten den zweete Gol einfach net markéieren. Dëst gouf dunn an der 79. Minutt bestrooft. De Hlozek huet mat sengem Noschoss, nodeems de Moris géint den Diaby paréiert hat, fir d’Entscheedung gesuergt. Duerno ass de Match temporäich weidergaangen, mä et sollte keng Goler méi falen, soudatt Leverkusen auswäerts mat 4:1 gewënnt souwéi an d’Halleffinalle vun der Europa League anzitt.
1:0 Spinazzola (60'), 1:1 Igor Paixao (80'), 2:1 Dybala (89'), 3:1 El Shaarawy (101'), 4:1 Pellegrini (109')
Ouni Gol sollt et am Match tëscht der AS Roma a Feyenoord Rotterdam op den Téi goen. Dobäi gouf de Spectateure villes gebueden. Et ass op an of gaangen an allebéid konnte se sech eng sëllege Chance kreéieren. Allerdéngs haten d’Stiermer op béide Säite vergiess Ziilwaasser ze drénken, soudatt kee Schoss de Wee an de Gol fonnt huet. Mä et war och e kierperbetounten an en emotionale Match. Esou krut de Co-Trainer vun der Roma, de Salvatore Foti, an der 33. Minutt déi rout Kaart gewisen, nodeems dësen e Spiller vu Feyenoord um Schlawittche geholl an dësen esouguer geschloen huet.
Nom Téi sollten dunn awer Goler falen. De Startschoss fir e verréckte Match huet de Spianzzola ginn. Dësen huet vun engem Kuddelmuddel am Strofraum vun den Hollänner profitéiert an den 1:0 fir seng Faarwe markéiert. 20 Minutte méi spéit konnt op Säite vun de Rotterdamer en Joker egaliséieren. Et war den Igor Paixao, dee schéi vum Szymanski an Zeen gesat gouf, deen de Ball an der 80. Minutt laanscht de Rui Patricio am Filet ënnerbruecht huet. Wou sech scho jiddwereen op de Remis an op e Weiderkomme vu Feyenoord agestallt hat, huet d’AS Roma awer nach eng Kéier am Numm vum Dybala zougeschloen. An der 89. Minutt konnt hien den 2:1 markéieren a seng Ekipp an d’Verlängerung schéissen.
An der Verlängerung huet ee gemierkt, datt d’Loft bei den Hollänner dënn ginn ass. Si hu midd gewierkt an hunn de Réimer esou déi néideg Raim ginn, fir séier a geziilt no vir ze spillen. Esou konnt den El Shaarawy an der 101. Minutt den 3:1 fir d’Roma markéieren. Doropshin haten d’Réimer nach eng sëlleg gutt Occasiounen, mä si sinn alleguer um Bijlow am Gol vu Feyenoord hänke bliwwen. An der 109. Minutt huet de Pellegrini dunn mam 4:1 den Deckel op de Match gemaach an d’Roma eng Ronn weider geschoss.
1:0 En-Nesyri (8'), 2:0 Badé (47'). 3:0 En-Nesyri (81')
Nodeems Manchester United am Allersmatch géint Sevilla duerch zwee spéit Eegegoler nëmmen 2:2 gläichgespillt huet, hu si missen zu Sevilla gewannen, fir eng Ronn weiderzekommen. Allerdéngs war et d’Lokalekipp, déi besser an de Match fonnt huet. Schonn no 8 Minutte war dës duerch e Gol vum En-Nesyri mat 1:0 a Féierung gaangen. Dobäi huet de Maguire, deen am Allersmatch de leschten Eegegol geschoss hat, de Ball engem Géigespiller an de Fouss gespillt, deen dunn den 1:0 fir den En-Nesyri opgeluecht huet. An der 40. Minutt stoung et no engem Gol vum Ocampos op eemol 2:0 fir Sevilla, mä de VAR huet sech doropshin ageschalt an de Gol wéinst enger Abseitspositioun annuléiert. Deemno ass et mat engem 1:0 fir d’Lokalekipp an d’Paus gaangen.
Den zweete Gol vu Sevilla sollt awer net méi all ze laang op sech waarde loossen. An der 47. Minutt konnt de Badé eng Flank vum Rakitic mam Kapp verwäerten an de Score fir seng Faarwen erhéijen. D’Aufgab fir Manchester United gouf doduerch natierlech net méi einfach an an der 81. Minutt duerch e weidere Gol vum En-Nesyri quasi onléisbar. Um Enn geet de Match tëscht Sevilla a Manchester United mat 3:0 op en Enn, wat och an der Héicht verdéngt war. Manchester United huet sech des Ëfteren am Match selwer am Wee gestanen a bei zwee Géigegoler de Géigner invitéiert, fir e Gol ze schéissen, soudatt fir d’Red Devils d’Europa-Rees schonn an der Véierelsfinall fäerdeg ass.
0:1 Rabiot (9'), 1:1 Edwards (20', Eelefmeter)
An enger chancenaarmer éischter Hallschent tëscht Sporting Lissabon an der Juventus vun Turin ass et mat engem 1:1 an d’Paus gaangen. D’Italiener konnten d’Portugise scho relativ fréi am Match duerch e Gol vum Rabiot an der 9. Minutt schocken, mä dës sollte sech duerch en Eelefmeter-Gol vum Edwards an der 20. Minutt nees an de Match zréckkämpfen. Doropshin hu béid Formatioune sech iwwert wäit Strécke vun der éischter Hallschent neutraliséiert, obschonns Sporting optesch e bësse méi vum Match hat.
Nom Téi haten d’Portugisen nees méi vum Match, mä si hu sech schwéier gedoen, fir geféierlech virum italieenesche Gol opzedauchen. D’Italiener hu sech iwwerdeems méi op d’Verdeedege konzentréiert an hunn op Feeler vu Sporting Lissabon gelauert. Béid Formatiounen hu sech an der Offensiv schwéier gedoen a konzentréiert verdeedegt, soudatt um Enn en 1:1-Remis um Spillbou steet, wat schlussendlech fir d’Juve duergeet, fir eng Ronn weiderzekommen.