Europa LeagueLeverkusen verléiert zu Bergamo, Remis fir Barcelona

RTL Lëtzebuerg
Am Match géint Atalanta Bergamo gouf et fir d'Werkself eng 2:3-Defaite, den FC Barcelona ass iwwerdeems net iwwert en 0:0 géint Galatasaray erauskomm.
© AFP

En Donneschdeg den Owend war an der Europa League d’Suite vun den Allersmatcher an der Aachtelsfinall. E Mëttwoch konnte sech an den éischten zwou Partië scho Frankfurt a Lyon behaapten.

Am éischte Match vum Owend, dee schonn um 18.45 Auer ugepaff gouf, huet sech den FC Sevilla mat 1:0 géint West Ham duerchgesat. De Gol vum Munir an der 60. Minutt war duergaangen, fir d’Partie ze gewannen a sou mat engem Gol Virsprong an de Retourmatch ze starten.

Fir Atalanta Bergamo gouf et dann eng 3:2-Victoire géint Bayer Leverkusen. An engem animéierten an ausgeglachene Match konnten d’Italiener de fréie Réckstand nach virum Säitewiessel dréinen an dëse kuerz no der Paus souguer ausbauen. Ronn 30 Minutte viru Schluss konnt d’Werkself dann nach duerch den Diaby verkierzen, um Ausgang vum Match sollt dat awer näischt méi änneren.

Am Duell tëscht Barcelona a Galatasaray hu sech béid Ekippe mat engem 0:0 getrennt. D’Katalane konnten am éischten Duerchgang offensiv net richteg iwwerzeegen, wat och un der disziplinéierter Defense vun de Gäscht aus der Tierkei gehaangen huet. Nom Säitewiessel huet sech um Bild vum Match net vill geännert. Barcelona hat zwar d’Kontroll iwwert de Ball, ma net déi néideg Kreativitéit am leschten Drëttel. Fir de Retourmatch bleift hei also nach alles oppen.

Da konnt sech den FC Braga mat 2:0 géint d’AS Monaco duerchsetzen. Nom fréie Gol vun der portugisescher Lokalekipp an der drëtter Spillminutt hat Braga och fir de Rescht méi vum Match. Vu Monaco ass alles an allem net genuch komm a muss sech domat um Enn geschloe ginn.

An der Partie zu Glasgow gouf et dann nach eng 3:0-Victoire fir d’Rangers géint de Roude Stär Belgrad. Duerch d’Goler vum Tavernier a Morelos stoung schonn no 15 Minutten eng Féierung vun zwee Goler, mat där et méi spéit och an d’Paus gaangen ass. Och an der zweeter Hallschent waren d’Schotte spillbestëmmend a sou gi si mat enger komfortabeler Féierung vun dräi Goler an den zweete Match zu Belgrad.

Zum Duell tëscht RB Leipzig a Spartak Moskau wäert et net kommen, dat well d’Ekipp aus Russland vun der UEFA op Grond vum russesche Krich an der Ukrain suspendéiert gouf. Domat steet Leipzig automatesch an der Véierelsfinall.

D’Retourmatcher ginn den nächsten Donneschdeg gespillt.

Déi komplett Resultater

Back to Top
CIM LOGO