Internationale FuttballLeverkusen wënnt géint Düsseldorf mat 3:0

RTL Lëtzebuerg
Mam nämlechte Resultat verléiert Bremen doheem géint Hoffenheim a stécht domadder ëmmer méi déif an der Kris.
© AFP

Bundesliga

Werder Bremen - TSG 1899 Hoffenheim 0:3
0:1 Klaassen (65.', Eegegol), 0:2 Baumgartner (79.'), 0:3 Adamyan (82.')

Bei Bremen leeft et weiderhin guer net ronn a kommen einfach net aus der Kriis eraus. An der 1. Halschent war Bremen zwar déi besser Ekipp mee waren trotz allem awer ze harmlos virum Gol. Och no der Paus huet d'Heemekipp weider net schlecht gespillt mee et war dann awer Hoffenheim déi d'Goler geschoss hunn duerch den  Klaassen (Eegegol), Baumgartner an Adamyan. Domadder steet den Trainer vu Bremen ëmmer méi an der Kritik a kuerz virum Aus.

Bayer Leverkusen - Fortuna Düsseldorf 3:0
1:0 Havertz (40.'), 2:0 L. Bender (79.'), 3:0 Alario (89.', Eelefmeter)

Verdéngt gewënnt Leverkusen géint Düsseldorf mat 3:0 an dat obwuel se virum Gol net immens effektiv waren. An der Tabell klëmmt Leverkusen domadder op déi 5. Plaz an huet 6 Punkte Réckstand op den Tabellenéischten Leipzig. Düsseldorf dogéint ass opgrond vun der Victoire vu Paderborn um Samschdeg op déi lescht Plaz zeréck gerutscht an ass domadder an der Kris.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga

Serie A

Inter Mailand - Cagliari 1:1
1:0 L. Martinez (29.'), 1:1 Nainggolan (78.'), Giel-rout Kaart: L. Martinez (90.+4.')

AS Roum - Lazio Roum 1:1
1:0 Dzeko (26.'), 1:1 Acerbi (34.')

An Italien stoung den Derby tëscht der AS Roum a Lazio Roum um Programm. An der éischter Hallschent huet d'Lazio net vill Chance gehat an trotz allem sinn se mat engem 1:1 an d'Paus gaangen nodeems den Acerbi d'Féierung vum Dzeko ausgeglach huet. Och no der Paus war den AS Roum besser am Match an hat vill Chancen mee konnten awer keng dovunner notzen.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A

Ligue 1

Olympique Lyon - Toulouse 3:0
1:0 Cornet (29.'), 2:0 Dembelé (71.'), 3:0 Toko Ekambi (77.')

LINK Den Iwwerbléck vun der Ligue 1

La Liga

Atletico Madrid - Leganes 0:0

Och géint Leganes kann Atletico Madrid net iwwerzeegen a stécht weiderhin an der Kriis nodeems se schonn an der Coupe sech blaméiert hunn a géint Cultural Leonesa erausgeflu sinn. Domadder ass et schonn de 4. Match hanerteneen ouni Victoire.

LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga

Back to Top
CIM LOGO