
Op der Pressekonferenz vun der polnescher Futtball-Nationalekipp huet de Robert Lewandowski e Méindeg betount, datt hien den FC Bayern schonns dëse Summer verloosse wëll.
U sech huet hien nach ee Kontrakt bis 2023 beim däitsche Rekordchampion an de Veräin huet bis elo no baussen ëmmer gesot, datt de Stiermer misst bleiwen.
De Lewandowski huet och nach gesot, datt et fir béid Säiten dat Bescht wier, sech am Summer ze trennen.