
E Sonndeg ass an der Coque déi 22. Editioun vum “CMCM Luxembourg Indoor Meeting”. Net manner wéi 158 Athleten aus 41 Länner si fir d’Kompetitiounen ageschriwwen. De Meeting gehéiert zu de gréisste Liichtathletik-Indoor-Eventer an Europa an huet sech iwwer déi lescht Joren en Numm gemaach. Fir 2026 ass et den Organisateuren nees gegléckt, ganz staark Sportler op Lëtzebuerg ze kréien. Mat dobäi ass och déi national Elite ronderëm d’Patrizia van der Weken an de Ruben Querinjean.
D’Sportlerin vum Joer wäert iwwer zwou Distanzen un den Depart goen (60 an 200 Meter) . De Ruben Querinjean kënnt aus de Cross-Saison an ass fir d'3.000 Meter ageschriwwen, et ass déi éischte Kéier dat de Sportler vum Joer beim CMCM Meeting dobäi ass. Och wann d’Vera Bertemes-Hoffmann net dobäi ass, esou dierften awer e puer aner FLA-Athlete vu sech schwätzen doen. D’Fanny Arendt huet an deene leschte Woche bewisen, datt si an enger exzellenter Form ass. Si huet néi national Rekorder iwwer 400 a 600 Meter realiséiert a geet mat Ambitiounen an d’Course iwwer 800 Meter. Iwwer 60 Meter konnt d’Victoria Rausch hir perséinlech Beschtzäit an der aktueller Indoor-Saison scho verbesseren, e Sonndeg kéint hiren eegenen Rekord iwwer 60 Meter Hecken un d’Wackele kommen. Och d’Linda Krombach an de Jory Teixeira dierften e Sonndeg iwwer 1.500 an 800 Meter an hire Courssen am Kontakt mat deene Weltbeschten iwwert sech erauswuessen.
Den CMCM Luxembourg Indoor Meeting kënnt Dir e Sonndeg vu 16:00 u live op RTL Zwee an am Stream bei eis kucken.
Hei fannt Dir alleguer d’wichteg Informatiounen iwwer de Meeting.