Europa LeagueLille no Victoire géint Prag am nächsten Tour, Léck a Laurent Jans eliminéiert

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg den Owend war de 5. Spilldag an der Gruppephas vun der Europa League am Futtball.
© AFP

Lille konnt sech en Donneschdeg den Owend mat 2:1 géint Prag duerchsetzen a bleift domat net nëmmen un der Spëtzt vum Grupp H, ma ka sech souguer fir déi nächst ronn qualifizéieren, dat duerch 2 Goler vum Yilmaz bannent de leschten 10 Minutten, nodeems si 0:1 hanne waren. Och den AC Mailand ass en Tour weider, si hu géint Celtic Glasgow en 0:2-Réckstand an eng 4:2-Victoire ëmgewandelt.

Tottenham kënnt zu Linz net iwwer en 3:3 eraus. Den Tabelleleader louch mat 3:2 am Avantage, ma huet sech an der 93. Minutt nach d’Botter vun der Schmier huele gelooss. Domat verléiere si och d’Féierung an der Tabell an zwar u Royal Antwerpen, déi sech mat 3:1 géint Razgrad duerchgesat hunn.

D’Young Boys Bern hunn en Donneschdeg den Owend ouni de blesséierte Lëtzebuerger Nationalspiller Christopher Martins mat 1:3 zu Roum verluer. De Schwäizer Champion läit virum leschte Spilldag op der 2. Plaz vum Grupp A.

Fir de Standard vu Léck mam Lëtzebuerger Nationalspiller Laurent Jans ass d’Aventure Europa League iwwerdeems gelaf. D’Ekipp aus der Belsch huet mat 2:3 bei de Glasgow Rangers verluer an ass domat fréizäiteg eliminéiert. De Laurent Jans stoung 86 Minutte laang um Terrain.

Am Grupp F bleift et iwwerdeems weider spannend, well weder Neapel, nach Real Sociedad, nach Alkmaar konnt en Donneschdeg gewannen. Um leschte Spilldag decidéiert sech deemno, wie weider kënnt, aktuell huet Neapel déi bescht Viraussetzungen.

Mat Leverkusen an Hoffenheim hu sech dann och zwou däitsch Ekippe fréizäiteg fir déi nächst Ronn qualifizéiert.

Back to Top
CIM LOGO