Internationale Futtball Liverpool a Manchester City am Gläichschratt, United mat Remis

RTL Lëtzebuerg
A Spuenien huet sech Real Madrid auswäerts géint Celta Vigo duerchgesat.
© AFP

An der Bundesliga hunn d’Bayern Freiburg keng Chance gelooss an Dortmund ass doheem géint Leipzig ënnergaangen.

Premier League

Liverpool - Watford 2:0
1:0 Jota (22'), 2:0 Fabinho (89', Eelefmeter)

Op der Anfield Road sinn d’Gäscht besser an de Match komm. Weder de Sarr, mat engem Schoss aus der Distanz, nach de Cucho, mat engem geféierleche Kappball, konnten hir Geleeënheeten notzen. Op der anerer Säit huet den Dioga Jota de Ball no enger Flank vum Gomez an de Gol gekäppt. No der Féierung war Liverpool bis zur Paus déi dominant Ekipp um Terrain. Nom Säitewiessel ass et Watford net méi gelongen, präzis no vir ze spillen. Liverpool huet de Match kontrolléiert an de Fabinho huet mam zweete Gol de Match entscheet.

Burnley - Manchester City 0:2
0:1 de Bruyne (5'), 0:2 Gündogan (25')

Zu Burnley huet de Favorit fréi gewisen, dass se onbedéngt 3 Punkte mat Heem wollten huelen. No enger flotter Kombinatioun iwwer Rodrigo a Sterling, huet den de Bruyne den 1. Gol markéiert. No 25 Minutten huet de Gündogan op 2:0 erhéicht. City huet an der Suite de Match kontrolléiert an d’Ekipp vum Pep Guardiola ass bis zum Schluss net méi wierklech a Gefor komm, de Virsprong ze verspillen.

Manchester United - Leicester City 1:1
0:1 Iheanacho (63'), 1:1 Fred (66')

Ouni de Cristiano Ronaldo huet Manchester United just gläich gespillt. Leiscester ass besser an de Match komm. Si hunn et verpasst, an der Ufanksphas ze markéieren. Dat sollt hinnen awer an der 63. Minutt duerch den Iheanacho geléngen. Et war en animéierte Match, wou de Fred kuerz drop den Ausgläich markéiert huet. Bis zum Enn sollt et bei dem Score bleiwen.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League

Serie A

Lazio Roum - Sassuolo 2:1
1:0 Lazzari (17'), 2:0 Milinkovic-Savic (51'), 2:1 Traoré (90+4')

Keng Problemer hat Lazio Roum am Stadio Olimpico géint Sassuolo. Eng dominant 1. Hallschent gouf mat engem Gol vum Lazzari no 17 Minutte belount. Kuerz no der Paus huet de Milinkovic-Savic erhéicht. De Gol vun de Gäscht an der Nospillzäit koum ze spéit fir nach eng Kéier eppes um Resultat ze änneren.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A

Ligue 1

OSC Lille - Grondins Bordeaux 0:0

Kee Gewënner gouf et tëschent Lille a Bordeaux. D’Heemekipp huet et géint den Tabelleleschte net fäerdeg bruecht, e Gol ze schéissen. Dobäi waren d’Gäscht ronn 65 Minutten an Ënnerzuel no enger giel-rouder Kaart fir de Kwateng an der 35. Minutt. Um Enn stoung d’Golschoss-Verhältnis bei 22:2 fir Lille. De Losc huet et verpasst, Stroossbuerg op der 5. Plaz an der Tabell ze iwwerhuelen.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1

La Liga

Celta Vigo - Real Madrid 1:2
0:1 Benzema (18', Eelefmeter), 1:1 Nolito (53'), 1:2 Benzema (69', Eelefmeter)

Bei de Gäscht vu Real war de Matchwinner alt nees de Karim Benzema. De Favorit war verdéngt a Féierung gaangen. De Stiermer huet den 1:0 per Eelefmeter erageschoss. No der Paus huet den Nolito fir Celta Vigo ausgeglach. Dono war et erëm um Benzema. Fir d’éischt huet de Fransous e Penalty verschoss, éier en et 5 Minutte méi spéit mat engem weideren Eelefmeter besser gemaach huet. Real Madrid bleift domadder souverän un der Spëtzt.

LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga

Back to Top
CIM LOGO