
An der Bundesliga war um Samschdeg d’Suite vum 28. Spilldag.
Bayern München huet ouni ze glänze mat 4:1 zu Freiburg gewonnen. An der éischter Hallschent gouf et op béide Säite kaum Golchancen. D’Heemekipp huet kompakt verdeedegt an d’Bayern hu sech am Spill no vir schwéier gedoen. No der Paus huet de Goretzka no engem Kimmich-Fräistouss d’Bayern a Féierung bruecht. De Petersen konnt dono zwar ausgläichen, mee dem Nagelsmann seng Ekipp huet den Tempo dono nees erhéicht. Hir Efforte sinn duerch Goler vum Gnabry a vum Coman belount ginn. An der Nospillzäit huet de Sabitzer mat sengem Gol fir d’Schlussresultat gesuergt.
Leverkusen huet sech 2:1 géint d’Hertha duerchgesat. No senger Covid-Erkrankung souz de Felix Magath bei der Hertha fir d’éischt op der Trainerbänk. D’Heemekipp huet de Match besser ugefaangen an ass duerch Goler vun Alario a Bellarabi 2:0 a Féierung gaangen. Den Uschlossgol vum Darida ass awer nach virun der Paus gefall. No der Paus huet sech de Match berouegt an de Gäscht ass et net gelongen, geféierlech virun de Gol ze kommen. Leverkusen huet et verpasst, fir hir Golchancen ze notzen. Um Enn ass dat awer net méi bestrooft ginn.
Ënnen of gouf et en 1:1-Remis tëschent Bielefeld a Stuttgart. No engem Handspill vum Wimmer am Strofraum, huet de Kalajdzic seng Faarwen per Eelefmeter a Féierung bruecht. No der Paus war Bielefeld méi aktiv a konnt no 59 Minutten den Ausgläich duerch de Krüger markéieren. Béid Ekippen hu probéiert, déi 3 Punkte mat Heem ze huelen, wat hinnen awer net gegléckt ass.
Hoffenheim huet iwwerraschend mat 1:2 géint Bochum de Kierzere gezunn. Den Asano hat den verdéngten 1:0 fir d’Gäscht markéiert. No der Paus huet d’Heemekipp duerch de Raum ausgeglach. Bochum huet awer reagéiert an den Asano konnt seng Faarwen nees a Féierung schéissen. Hoffenheim huet zum Schluss nach eng Kéier alles probéiert, um Enn sollt et awer bei der knapper Néierlag bleiwen.
Donieft huet Frankfurt doheem géint den Tabelleleschte Fürth just 0:0 gläich gespillt.
Um Samschdeg Owend gouf et eng kal Dusch fir Dortmund. D’Ekipp vum Marco Rose huet doheem géint Leipzig mat 1:4 verluer. De BVB war vill besser an e Match komm, mee huet eng sëllege Chancë leie gelooss. Op der anerer Säit huet de Konrad Laimer d’Gäscht mat engem Doublé innerhalb vun 10 Minutten mat 2:0 a Féierung bruecht. No 57 Minutten ass dem Nkunku den drëtte Gol gegléckt. An der Schlussphas huet de Malen nach emol verkierzt. Zwou Minutte méi spéit huet den Olmo den Deckel op d’Partie drop gemaach. Duerch des Néierlag huet Dortmund elo 9 Punkte Retard op Bayern.
Um Freideg hat Union Berlin doheem mat 1:0 géint Köln gewonnen. Bei de Gäscht souz de Lëtzebuerger Mathias Olesen de ganze Match op der Bänk.
Klickt hei, fir op d’Säit mat all de Resultater ze kommen.
D’Klickt op de Match, fir d’Statistiken ze gesinn.