Champions LeagueLiverpool klappt den AC Mailand, Victoire fir de Sébastien Thill mat Tiraspol

RTL Lëtzebuerg
An enger opreegender Partie tëscht Liverpool a Mailand konnte sech d'Reds mat 3:2 behaapten a fir Sheriff Tiraspol gouf et eng 2:0-Victoire géint Donezk.

Am Grupp A konnt sech Manchester City an engem geckege Match mat 6:3 géint RB Leipzig behaapten an de PSG ass géint Club Bruges net iwwert en 1:1 erauskomm.

Am Grupp B huet sech Liverpool mat 3:2 géint den AC Mailand duerchgesat. D’Partie tëscht Atletico Madrid a Porto ass ouni Goler op en Enn gaangen.

Am Grupp C gouf et fir Dortmund zu Istanbul eng 2:1-Victoire géint Besiktas. Am anere Match huet Ajax sech géint Sporting duerch véier Goler vum Haller mat 5:1 behaapt.

Am Grupp D huet sech Sheriff Tiraspol mam Sébastien Thill iwwerraschend mat 2:0 géint Shakhtar Donezk duerchgesat a Real Madrid wënnt duerch e spéide Gol géint Inter Mailand.

En Dënschdeg den Owend gouf et fir Bayern eng kloer Victoire zu Barcelona an de Young Boys ass d’Iwwerraschung géint Manchester United gelongen

Champions League / De Resumé vum Guy Seyler

Grupp B

Liverpool - AC Mailand 3:2
1:0 Arnold (9'), 1:1 Rebic (42'), 1:2 Diaz (44'), 2:2 Salah (48'), 3:2 Henderson (69')

Un der Anfield Road gouf et fir Liverpool an der éischter Partie vun der neier Champions-League-Saison eng 3:2-Victoire géint den AC Mailand. Trotz enger fréier Féierung konnt AC de Match kuerz u sech rappen, um Enn huet den Henderson awer d’Partie mat sengem Gol zum 3:2 entscheet.

Liverpool huet vun Ufank un Drock gemaach a sech sou och fréi dofir belount. No 9 Minutten ass den Arnold ongestéiert zum Ofschloss komm a konnt d’Reds domat a Féierung bréngen.

Den 1:0 vum Arnold
An der 9. Minutt huet hien d’Reds a Féierung bruecht.

Fënnef Minutte méi spéit hat de Salah dann d’Chance op 2:0 ze erhéijen, ma vum Eelefmeterpunkt ass hien net laanscht de Maignan am Gol komm. AC Mailand huet am weidere Spillverlaf net an de Match fonnt a krut och am Spill no vir keen Zougrëff. Liverpool huet de Match bestëmmt, huet sech da kuerz virun der Paus awer wéi aus dem Näischt nach zwee Goler bannent zwou Minutte gefaangen. De Rebic an den Diaz hu mat hire Goler den AC mat 2:1 a Féierung bruecht. D’Gäscht sinn deemno mat enger onerwaarter Féierung an d’Paus gaangen.

Den 1:1 vum Rebic
An der 42. Minutt ass den AC Mailand a Féierung gaangen.
Den 2:1 vum Diaz
Kuerz virun der Paus huet hien d’Gäscht a Féierung bruecht.

Kuerz nom Säitewiessel louch de Ball dann eng drëtte Kéier am Gol vun de Reds, ma dëse gouf op Grond vun enger Abseitspositioun nees zréckgeholl. Eng Minutt méi spéit war et op der anerer Säit dann de Salah, deen no engem staarken Zouspill virum Golkipp seng Nerve behalen huet an op 2:2 ausgläiche konnt.

Den 2:2 vum Salah
An der 48. Minutt huet hie fir Liverpool ausgeglach.

Ronn 20 Minutte viru Schluss huet den Henderson dann nees d’Féierung fir d’Haushären hiergestallt, dat nodeems hien no engem Corner zum Schoss komm ass.

Den 3:2 vum Henderson
An der 69. Minutt huet hien den decisive Gol geschoss.

Bis zum Schluss ass et de Gäscht net méi gelongen, den Uschloss ze fannen a sou wënnt Liverpool verdéngt mat 3:2.

Atlético Madrid - FC Porto 0:0

Resumé vum Match Atlético Madrid géint Porto
De Match goung schlussendlech mat engem 0:0 op en Enn.

Grupp A

Manchester City - RB Leipzig 6:3
1:0 Aké (16'), 2:0 Mukiele (28'), 2:1 Nkunku (42'), 3:1 Mahrez (45+2'), 3:2 Nkunku (51'), 4:2 Grealish (56'), 4:3 Nkunku (73'), 5:3 Cancelo (75'), 6:3 Jesus (85')

Club Bruges - PSG 1:1
0:1 Herrera (15'), 1:1 Vanaken (27')

Resumé vum Grupp A
Kee Gewënner tëscht Bruges a PSG a Manchester City wënnt mat 6:3 géint Leipzig.

Grupp C

Besiktas - Dortmund 1:2
0:1 Bellingham (20'), 0:2 Haaland (45+3'), 1:2 Montero (90+4')

Sporting Lissabon - Ajax 1:5
0:1 Haller (2'), 0:2 Haller (9'), 1:2 Paulinho (33'), 1:3 Berghuis (39'), 1:5 Haller (51'), 1:5 Haller

Resumé vum Grupp C
Dortmund klappt Besiktas an Ajax iwwerrennt Sporting Lissabon.

Grupp D

Sheriff Tiraspol - Shakhtar Donezk 2:0
1:0 Traoré (16'), 2:0 Yansane (62')

Den éischten Champions-League-Match fir eng Ekipp aus Moldawien ass fir Sheriff Tiraspol mam Sébastien Thill mat enger 2:0-Victoire op en Enn gaangen. Trotz engem staarke Géigner konnt sech Sheriff no de Goler vum Traoré a vum Yansane um Enn géint de Gaascht aus der Ukrain behaapten a sech domat déi éischt dräi Punkten am Grupp D sécheren.

Inter Mailand - Real Madrid 0:1
0:1 Rodrygo (89')

Resumé vum Grupp D
Am Grupp D huet Sheriff Tiraspol mat 2:0 géint Donezk gewonn.

All d’Resultater am Iwwerbléck

Klickt hei, fir op d’Resultater vun der Champions League ze kommen.

Back to Top
CIM LOGO