Champions LeagueLiverpool mat verdéngter 2:0-Victoire géint Villarreal

RTL Lëtzebuerg
D'Ekipp vum Jürgen Klopp huet den Allersmatch 90 Minutten iwwer dominéiert a huet sech eng gutt Ausgangspositioun erspillt fir de Retourmatch.
© Oli SCARFF / AFP

Um Mëttwoch den Owend stoung den Allersmatch vun der zweeter Halleffinall um Programm. An engem eesäitegem Match huet sech Liverpool verdéngt mat 2:0 géint Villarreal behaapt. Stoung et an der Paus nach 0:0, hunn d’Reds an der zweeter Hallschent duerch een Eegegol vum Estupinan an de Mané direkt zwee mol zougeschloen an esou de Grondstee fir d’Victoire geluecht. D’Spuenier kréien et am Retour deemno ganz schwéier d’Resultat nach zu hire Gonschten ze dréinen.

Déi bescht Zeenen aus dem Match Liverpool - Villarreal 
Villarreal hat am Allersmatch näischt ze radetten a muss sech géint eng spilleresch iwwerleeën Ekipp geschloe ginn.

De Retourmatch tëscht béiden Ekippen ass de 3. Mee.

E Dënschdeg den Owend ass deen éischten Allersmatch vun den Halleffinalle gespillt ginn. Hei huet sech an engem rasante Match d’Lokalekipp vu Manchester City mat 4:3 géint Real Madrid behaapt.

De Resumé vum Match vum Guy Seyler

De Resumé vum Match Liverpool - FC Villarreal 2:0

1:0 Estupinan (Selbstgol, 53'), 2:0 Mané (55')

Wéi ze erwaarde stoung dat gielt U-Boot vun Ufank un déif hannendrun an huet op Kontere gelauert. Ronn 10 Minutten huet et gedauert bis Villarreal eng éischte Kéier am Strofraum vun de Reds opgedaucht ass, ouni awer wierklech geféierlech ze ginn. Aneschters op der anerer Säit. No 12 Minutten ass de Mané frei virum Gol zum Kappball komm, säi Versuch sollt säin Zil awer verfeelen. 2 Minutte méi spéit konnt de Rulli dem Diaz säi Schoss ofwieren. Den Drock vun de Reds ass no enger Véierelsstonn ëmmer méi grouss ginn.

No 26 Minutten ass de Salah no engem flotten Zesummespill mam Mané zum Ofschloss komm, säi Schlenzer ass awer knapps iwwert de Gol gaangen. Diaz, Mané, Salah sou wéi de Thiago op de Potto hate weider gutt Chancen, et ass awer mat engem méi wéi glécklechen 0:0-Gläich aus spuenescher Siicht an d’Kabinne gaangen. Villarreal stoung immens déif, an et war an der éischter Hallschent trotz sëllege Chancë virun allem e Gedoldsspill fir d’Ekipp vum Jürgen Klopp.

D'Héichpunkter aus der éischter Hallschent.
Liverpool huet dominéiert an huet Villarreal keng Loft zum Ootme ginn.

No der Paus huet et Liverpool dunn séier fäerdeg bruecht d’Mauer vu Villarreal ze briechen. Bannent 2 Minutten hunn d’Reds direkt zwee mol zougeschloen an hunn d’Ekipp vum Unai Emery kal erwëscht. Den Henderson huet an der 53. Minutt d’Féierung fir d’Reds konnte markéieren, säi Schoss gouf awer nach vum Estupinanhttps://www.kicker.de/estupinan/spieler/champions-league/2021-22/fc-villarreal ofgefälscht, sou dass de Rulli am Gol vun de Spuenier keng Chance méi hat un de Ball erun ze kommen. Nëmmen 2 Minutte méi spéit war et de Mané dee per Außenress de Score op 2:0 eropschrauwe konnt.

D'Goler aus der zweeter Hallschent.
An der zweeter Hallschent huet Liverpool seng Iwerleenheet dunn a Goler konnten ëmsetzen a ka sech verdéngt géint Villarreal duerchsetzen.

Villarreal huet nom Réckstand wuel versicht de Wee no fir ze fannen, geféierlech war awer just eng Ekipp; Liverpool. Diaz a van Djik hate weider gutt Chancë fir d’Virentscheedung ze suergen, e Gol sollt un der Anfield Road awer net méi falen, sou dass Liverpool sech um Enn no enger eesäiteger Partie mat 2:0 ka géint Villarreal duerchsetzen.

All d’Resultater am Iwwerbléck

Klickt hei, fir op d’Resultater vun der Champions League ze kommen.

Back to Top
CIM LOGO