
An der Futtball-Champions-League stoung en Dënschdeg den Owend den Allersmatch vun der éischter Halleffinall um Programm. An engem héichklassege Match huet Manchester City knapp mat 4:3 (2:1) géint Real Madrid gewonnen. Domadder geet City um Wee an d’Finall zu Paräis am Retourmatch ee Remis duer.
Den De Bruyne (2'), de Gabriel Jesus (11'), de Foden (53') an de Bernardo Silva (74') hu fir de Finalist aus der leschter Saison getraff. De Mahrez, deen direkt e puer gutt Chancen hat, ass um Potto gescheitert (48'). Duerch d’Goler vum Benzema a sengem 600. Match fir Real (33' an 82', Eelefmeter) a vum Vinicius Junior (55') huet Madrid och nach Chancen op de 14. Titel an der Champions League.
De Retourmatch tëscht béiden Ekippen ass de 4. Mee.
E Mëttwoch den Owend gëtt deen zweeten Allersmatch vun den Halleffinalle gespillt. Hei sti sech Liverpool a Villarreal géintiwwer. D’Partie gëtt um RTL ZWEE an op RTL.lu live iwwerdroen.
1:0 De Bruyne (2'), 2:0 Gabriel Jesus (11'), 2:1 Benzema (33'), 3:1 Foden (53'), 3:2 Vinicius Junior (55'), 4:2 Bernardo Silva (74'), 4:3 Benzema (82')
Nëmmen zwou Minutte ware gespillt, do louch de Ball schonn déi éischte Kéier am Gol. De Mahrez huet vu riets e schéine Pass an de Strofraum bruecht. Do ass den De Bruyne virum Carvajal un de Ball komm an huet aus knapp aacht Meter zum 1:0 fir d’Lokalekipp an de lénken Eck gesat. Déi fréi Féierung huet ManCity an d’Kaarte gespillt. D’Ekipp vum Guardiola huet de Ball souverän lafe gelooss. Op der anerer Säit huet Real probéiert, fir sech an de Match ze taaschten, ouni dobäi a Gefor ze geroden, fir e weidere Gol ze kasséieren. Ma genau dat ass awer geschitt. De Gabriel Jesus huet an der 11. Minutt op 2:0 erhéicht.
D’Intensitéit an d’Konsequenz vun de Citizens huet Real och duerno iwwerfuerdert. Déi kinneklech kruten net wierklech e Fouss op de Buedem. An der 26. an an der 29. Minutt hat de Leader aus der Premier League weider ganz grouss Chancen, ma weder de Mahrez nach de Foden konnte verwandelen. Dëst sollt kuerz drop bestrooft ginn. Aus dem näischt huet Real op 1:2 verkierzt. No enger Flank vum Mendy war et de Benzema, deen de Ball aus zéng Meter mam lénke Fouss direkt geholl a mat Hëllef vum Potto verwandelt huet. Bis d’Paus gouf et op béide Säiten nach e puer Chancen, ma e weidere Gol ass net méi gefall, sou datt et mam 2:1 aus Siicht vu ManCity an d’Paus gaangen ass.
No der Paus hu béid Ekippen nees mat 100 à l’heure lassgeluecht. No engem weidere séieren Ëmschaltspill huet de Fernandinho dat ronnt Lieder mat enger schéiner Flank an d’Mëtt bruecht, wou de Foden fräi stoung an aus kuerzer Distanz agekäppt huet. Ma den 3:1 vun den Englänner sollt net vu laanger Dauer sinn. Nëmmen 2 Minutte méi spéit huet Real op 2:1 verkierzt. No engem Sprint iwwert den hallwen Terrain huet de Vinicius Junior getraff.
An de Spektakel ass duerno monter weider gaangen. No enger kuerzer méi roueger Phas an där béid Defensë sech e bësse stabiliséiert hunn, ass deen nächste Gol gefall. Et war net den Ausgläich vu Real, mä d’Citizens hunn an der 74. Minutt op 4:2 erhéicht an dat duerch de Bernardo Silva. Nëmmen zwou Minutte méi spéit war et bal de 5:2. De Mahrez hat dräi Géigespiller stoe gelooss an aus spatzem Wénkel ofgezunn. Säi Schoss ass knapp laanscht de laangen Eck gaangen.
D’Ekipp vum Ancelotti huet sech duerno net geschloe ginn a konnt eng weider Kéier verkierzen. Den Arbitter hat no engem Handspill vum Laporte op de Punkt gewisen. De Mann vum Real aus de leschte Méint, Benzema, huet sech der Saach ugeholl an de Ball ganz cool an de Gol gechippt. Am leschte Match an der La Liga hat hien nach zwee Eelefmetere verschoss, ma dat huet hie sech net méi umierke gelooss.
Um Enn ass et beim 4:3 fir ManCity bliwwen. Domadder ass nach laang keng Decisioun gefall a béid Ekippe kënnen nach an d’Finall kommen.
Klickt hei, fir op d’Resultater vun der Champions League ze kommen.