
Am internationale Futtball stoung e Sonndeg ënnert anerem den Derbi sevillano um Programm, deen den FC Sevilla fir sech entscheede konnt. A Frankräich an an Däitschland hunn d’Ekippen op der zweeter Plaz jeeweils Punkte leie gelooss. Iwwerdeems konnt sech Liverpool no Eelefmeterschéissen mat 11:10 géint Chelsea behaapten an domat de League Cup gewannen
Bochum - Leipzig 0:1
0:1 Nkunku (82')
Augsburg - Dortmund 1:1
0:1 Hazard (35'), 1:1 Sarenren Bazee (78')
Dortmund huet bei engem 1:1 géint Augsburg wichteg Punkte leie gelooss. Duerch den Hazard war de BVB 10 Minutte virun der Paus a Féierung gaangen, ma eng engagéiert Augsburger Ekipp krut sech am zweeten Duerchgang am Numm vum Sarenren Bazee mat engem Gol belount an um Enn och ee Punkt geséchert.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga
Chelsea - Liverpool 0:0 (10:11 n.E.)
Den FC Liverpool huet sech e Sonndeg de Mëtteg e weideren nationalen Titel geséchert. An der Finall vum League Cup war no 90 an och no 120 Minutten kee Gol gefall, sou dass d’Decisioun am Eelefmeterschéisse fale sollt. Ma och do huet dës laang op sech waarde gelooss. Réischt mam 22. Eelefmeter, deen de Kepa verschoss huet, war d’Finall entscheet.
FC Turin - Cagliari 1:2
0:1 Bellanova (21'), 1:1 Belotti (54'), 1:2 Deiola (62')
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
AS Monaco - Stade Reims 1:2
1:0 Ben Yedder (55'), 1:1 Volland (84'), 1:2 Mbuku (90+2‘)
Metz - Nantes 0:0
Troyes - Marseille 1:1
0:1 Payet (28'), 1:1 Touzghar (90')
Fir Marseille gouf et am Match zu Troyes nëmmen ee Punkt. D’Gäscht waren no enger knapper hallwer Stonn duerch en Eelefmeter vum Payet a Féierung gaangen. Troyes wollt sech domat awer net zefridde ginn a konnt dann an der 90. Minutt de verdéngten Ausgläich schéissen. De Gol vum Touzghar séchert den Haushären um Enn e wichtege Punkt am Ofstigskampf.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1
Villareal - Espanyol 5:1
1:0 Pino (14'), 2:0 Pino (20'), 3:0 Pino (46'), 4:0 Pino (53‘), 4:1 Bare (65‘), 5:1 Dia (86‘)
FC Sevilla - Real Betis 2:1
1:0 Rakitic (24'), 2:0 Munir (41'), 2:1 Canales (90+4')
Den FC Sevilla huet den Derby sevillano géint Real Betis mat 2:1 fir sech entscheet. Duerch d’Goler vum Rakitic a Munir war et fir d’Lokalekipp no 45 Minutte mat enger verdéngter Féierung an d’Paus gaangen. Zwar konnt Betis nach an der 94. Minutt op 1:2 verkierzen, dëse Gol ass awer ze spéit komm fir sech nach ee Punkt sécheren ze kënnen.