Champions LeagueLiverpool wënnt knapp géint Ajax, Inter behält kleng Chance op Qualifikatioun

RTL Lëtzebuerg
An der Grupp B bleift no de Victoire vun Donezk an Inter alles op an am Grupp D decidéiere sech d'Plazen 2 an 3 um leschte Spilldag.
© AFP

An der Grupp A war Bayern scho virum Match sécher qualifizéiert. Atlético bleift nom Gläichspill op Plaz 2, ass awer nach net sécher duerch. Salzburg konnt mat dräi Punkte géint Moskau op déi drëtt Plaz klammen, kéint awer um leschte Spilldag souguer nach 2. oder och 4. ginn. Moskau huet och nach eng kleng Chance op déi 3. Plaz.

Nach näischt decidéiert ass an der Grupp B. Gladbach huet do keng schlecht Kaarten, muss awer, fir sécher weiderzekommen, am leschte Spilldag op d’mannst 1 Punkt géing Madrid huelen. De Real muss awer wannen oder hoffen, datt Inter géint Donetzk gewënnt. Fir Inter zielt just eng Victoire, fir iwwerhaapt nach eng Chance ze hunn.

Am Grupp C nieft Manchester City och Porto elo sécher an der nächster Ronn. Piräus huet an der Lutte ëm d’Plaz 3 just e liichten Avantage géint Marseille, béid Ekippen hunn 3 Punkten.

Midtjylland hat an der Grupp D scho virum Spilldag keng Chance, fir nach eppes matzehuelen. Liverpool konnt sech awer um fënnefte Spilldag déi éischt Plaz sécheren. Am Duell tëscht Ajax a Bergamo entscheet sech um leschte Spilldag, wien op d’Plaz 2 a wien op d’Plaz 3 kënnt.

Champions League / De Resumé vum Jeff Kettenmeyer

Grupp D

FC Liverpool - Ajax Amsterdam 1:0
1:0 Jones (58')

Et war eng intressant Ufanksphas tëscht béiden Ekippen mat enger fréier Chance fir Liverpool an dono e puer gutt Geleeënheete fir Amsterdam. De Kellerher am Gol vu Liverpool war do e puer Mol op der Plaz. Eng gutt Parad vum Golkipp gouf et an der 32. Minutt, wéi hie mat enger gudder Parad de Réckstand verhënnert hat. An der éischter Hallschent hat Ajax liicht Iwwerhand am Match an e déi eng oder aner gutt Chance. Ma och Liverpool hat eng gutt Geleeënheet, fir a Féierung ze goen.

Liverpool - Ajax: Highlights vun der 1. Hallschent
Mat engem 0:0 ass et no 45 Minutten an d’Paus gaangen.

De jonke Ersatzgolkipp vu Liverpool huet e gudde Match gemaach. An der 56. Minutt war hien nees op der Plaz, fir de Réckstand fir seng Faarwen ze verhënneren, dat no engem Schoss vum Neres. Op der Géigesäit huet den Onana am Gol vun Ajax keng gutt Figur gemaach. Bei enger Flank koum hien eraus, huet de Ball awer net kritt. Esou huet den Jones de Ball nach just, dat zwar aus spatzem Wénkel, missten iwwert d’Linn drécken.

Liverpool - Ajax: 1:0 Jones
Den Jones huet vun engem Feeler vum Golkipp vun Ajax profitéiert, fir den eenzege Gol am Match ze markéieren.

De Salah hat an der 62. Minutt da Bal vun engem Malentendu tëscht engem Defenseur am Golkipp profitéiert, ma dëst d’Kéier war den Onana op der Plaz. Iwwerhaapt hat Liverpool nom Gol d’Kontroll vum Match iwwerholl an Ajax huet sech laang schwéier gedoen, fir de Match nach ze dréinen. Et war dann och éischter Liverpool, déi nach déi besser Chancen hat a méi Presenz gewisen huet, ma eraus ass dobäi näischt komm. Kuerz viru Schluss hat Ajax nach d’Chance fir auszegläichen, ma nees war et de jonke Ir am Gol vu Liverpool, dee Schlëmmeres verhënnere konnt.

Liverpool - Ajax: Highlights vun der 2. Hallschent
E Gol sollt den Englänner duergoen, fir hei 3 Punkte matzehuelen.

Atalanta Bergamo - FC Midtjylland 1:1
0:1 Scholz (13'), 1:1 Romero (79')

Resumé Atalanta Bergamo - FC Midtjylland
Obwuel et e klore Favorit am Match gouf, gouf et awer kee Gewënner.

Grupp A

Lokomotive Moskau - RB Salzburg 1:3
0:1 Berisha (28'), 0:2 Berisha (41'), 1:2 Miranchuk (79'), 1:3 Adeyemi (81')

Atlético Madrid - Bayern München 1:1
1:0 Joao Felix (26'), 1:1 Müller (86',p)

Resumé Grupp A
D’Zesummefaassung tëscht de Matcher Moskau - Salzburg an Atlético - Bayern.

Grupp B

Schachtar Donezk - Real Madrid 2:0
1:0 Dentinho (57'), 2:0 Solomon (82')

Borussia Mönchengladbach - Inter Mailand 2:3
0:1 Darmian (17), 1:1 Pléa (45'+1), 1:2 Lukaku (64'), 1:3 Lukaku (73'), 2:3 Pléa (76')

Resumé Grupp B
D’Zesummefaassung vun de Matcher Donezk - Real Madrid a Mönchengladbach - Inter.

Grupp D

FC Porto - Manchester City 0:0

Olympique Marseille - Olympiakos Piräus 2:1
0:1 Camara (33'), 1:1 Payet (55',p), 2:1 Payet (75',p)

Resumé Grupp C
Am Topmatch vun der Grupp krut et Porto mat Man City ze dinn an Marseille hat Piräus op Besuch.

Déi komplett Iwwersiicht vun der Champions League

Klickt hei, fir op d’Resultater vun der Champions League ze kommen.

Back to Top
CIM LOGO