
Am Volleyball stoungen um Samschdeg souwuel bei den Damme wéi och bei den Hären déi éischt Halleffinall-Matcher am Championnat um Programm. D’Matcher ginn am Best of Three Modus gespillt.
Luerenzweiler huet den éischte Set mat 25:27 verluer. Bartreng konnt an der Suite allerdéngs kee Set méi fir sech entscheeden, sou dass Luerenzweiler doheem no engem spannendem Match mat 3:1 (25:27, 25:23, 25:21, 25:20) géint de Volley Bartreng gewënnt.
Um Sonndeg huet Stroossen an der zweeter Halleffinall mat 3:0 géint Dikrech gewonnen.
Am Playdown huet Iechternach mat 3:0 (25:13, 25:18, 25:18) géint de Belair gewonnen an Esch verléiert mat 0:3 (21:25, 17:25, 20:25) géint Fenteng.
An der 1. Halleffinall bei den Damme ka sech de Favorit vu Walfer däitlech mat 3:0 (25:23, 25:12, 26:24) géint Péiteng behaapten. Virun allem am 1. an 3. Set huet Péiteng Walfer alles ofverlaangt.
E spannende Match gouf et och zu Mamer, bei deem sech de Visiteur vum GYM mat 3:1 (21:25, 25:18, 25:19, 25:21) ka duerchsetzen.
Am Kader vum Playdown gouf et fir Iechternach doheem eng 0:3 (10:25, 16:25, 16:25) Néierlag géint Stengefort. Dikrech zitt mat 1:3 (16:25, 27:25, 22:25, 15:25) géint Bartreng de Kierzeren.
