Nationale FuttballLuerenzweiler steigt an d'Éierepromotioun op

RTL Lëtzebuerg
Luerenzweiler klappt de FC Préizerdaul-Réiden mat 6:0 a steet domat fréizäiteg als Opsteiger an d'Éierepromotioun fest.
© Archiv

Luerenzweiler ass, wuel mat engem Match méi, an der Tabell elo 20 Punkte viru Beggen, an ass domat an dëser Saison net méi vun der 1. Plaz ze verdrängen.

An der Saison 1999/2000 ass den FCL eng éischt Kéier an der Veräinsgeschicht an déi 1. Divisioun opgestigen. No jeeweils engem Ofstig an engem Opstig spillt den FC Luerenzweiler elo zanter 7 Joer an der 1. Divisioun. No der däitlecher 6:0-Victoire géint de FC Préizerdaul-Réiden um Samschdeg den Owend steet dann awer elo fest, dass de Veräin, deen am Joer 1945 gegrënnt ginn ass, fir eng éischte Kéier an der Veräinsgeschicht den Opstig an d’Éierepromotioun gepackt huet.

Et ass de bis dato gréissten Exploit an der Veräinsgeschicht.

Back to Top
CIM LOGO