
Bei den Hären huet Luerenzweiler mat enger 1:3-Defaite um leschte Spilldag géint Stroossen d’Chance op eng Plaz an der Halleffinall verpasst. Do kënnt et elo zu den Dueller tëscht Bartreng géint Dikrech an tëscht dem Tabellenéischte VC Stroossen géint Fenteng.

Och bei den Damme stinn déi véier Halleffinaliste fest. Nieft dem Duell tëscht dem Tabellenéischten RSR Walfer géint Stengefort kritt den Gym Volley et am anere Match géint Mamer ze dinn.