Historesch Leeschtung an der NBALuka Doncic markéiert 73 Punkten

RTL Lëtzebuerg
An der amerikanescher Basketballliga huet de Luka Doncic vun den Dallas Mavericks an der Nuecht op e Samschden eng historesch Leeschtung ofgeliwwert.
© AFP

De 24 Joer ale Sloween huet bei der 148:143-Victoire vun den Dallas Mavericks géint d’Atlanta Hawks 73 Punkte markéiert, donieft huet hien 10 Rebounds a 7 Assists zur Victoire vu senger Ekipp bäigesteiert. Hien huet 25 Kierf getraff, dorënner 8 Dräier a 15 Fräiwërf bei 16 Versich getraff.

An der Ranglëscht vu perséinleche Beschtwäerter steet den Doncic domat op der 4. Plaz, nëmmen de Wilt Chamberlain (100 Punkten a 78 Punkten) souwéi de Kobe Bryant (81 Punkten) hunn an engem Match méi Punkte markéiert wéi den Doncic.

Dës historesch Leeschtung koum nëmme 5 Deeg nodeems de Joel Embiid vun de Philadelphia 76ers 70 Punkte markéiere konnt. Insgesamt hunn nëmmen 10 verschidde Spiller an der Geschicht vun der Liga 70 Punkten oder méi markéiert.

Back to Top
CIM LOGO