
Beim WTT Star Contender zu London hat sech de Luka Mladenovic en Donneschdeg den Owend géint d’Nummer 64 op der Welt duerchgesat.
E Freideg de Mëtteg ass et dann an de 1/16-Finalle weider géint d’Nummer 4 vun der Welt gaangen. Géint de Japaner Tomokazu Harimoto gouf et um Enn eng knapp 2:3-Defaite. An den éischten zwee Sätz hat de klore Favorit aus Japan seng Stäerkt gewisen, ma de 26 Joer ale Lëtzebuerger huet sech net ënnerkréie gelooss a konnt sech duerch eng immens staark Leeschtung zréckkämpfen an op 2:2 ausgläichen. D’Decisioun sollt dann am decisive 5. Saz falen. Obwuel de Luka Mladenovic eng Rei Matchbäll ofwiere konnt, war dem Tomokazu Harimoto d’Victoire um Enn net méi ze huelen.