Dëschtennis
Luka Mladenovic wënnt géint Nummer 64 op der Welt
© AFP
De Luka Mladenovic steet beim WTT Star Contender zu London an der 16tels-Finall. Hien huet géint den Kuo Guan-Hong (TPE) a 5 Sätz gewonnen.
De Mladenovic konnt en 1:2 Réckstand an de Sätz um Enn nach an eng 3:2 Victoire dréinen.
An der Ronn vun de beschten 32 Spiller vum Tournoi waart elo de Japaner Tomokazu Harimoto, d’Nummer 4 op der Welt, op de Lëtzebuerger. Dësen ass bei dësem Tournoi zu London op Plaz 1 gesat.
De Match ass fir e Freideg am fréie Mëtteg ugesat.
Am meeschte gelies