État des lieuxLydie Polfer: Käschte vum neie Stadion solle bei ronn 77 Milliounen Euro bleiwen

Pierre Jans
Am Nomëtteg war e Mëttwoch een État des lieux um Site vum neien nationale Stadion.
VIDEO: Neie Stadion / Rep. Pierre Jans (8.1.20)
Käschte solle bei ronn 77 Milliounen Euro bleiwen

De Sportminister Dan Kersch huet sech ee Bild vum aktuelle Stand gemaach. Mat dobäi war natierlech och d'Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer. Aktuell soll de Stadion ronn 77 Milliounen Euro kaschten an dobäi soll et der DP-Politikerin no och elo bleiwen.

© RTL Grafik

Lydie Polfer iwwert den neie Stadion

E gudde Krack méi deier ass allerdéngs déi multifunktionell Plaz nieft dem Stadion ginn, wou ënnert anerem Concerte sollen organiséiert ginn. De Budget gouf vun ugangs ronn 800.000 Euro op bal 2,7 Milliounen Euro erhéicht.

© RTL Grafik

Back to Top
CIM LOGO