Neie Futtball- a RugbystadionLydie Polfer virsiichteg optimistesch fir Ouverture am Mäerz

Franky Hippert
Am Futtball hofft een, datt een am Mäerz d'Matcher vun der Qualifikatioun fir d'WM am neie Stadion ka spillen.
Geneeën Datum fir d'Ouverture vum neie Stadion nach onkloer
De Futtall-Nationaltrainer Luc Holtz hofft, datt een am Mäerz d’WM-Qualifikatioun kann am neie Stadion spillen. Sécher ass dat awer nach net.

„Wann de Wëllen do ass, da misst et méiglech sinn, am Mäerz am neien nationale Futtball- a Rugbystadion kënnen ze spillen“, dat sot den FLF-Nationaltrainer Luc Holtz e Méindeg an eisem Mëttesjournal. Et hänkt net um Wëllen, seet awer am RTL-Interview d’Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer.

D’Stad Lëtzebuerg ass jo Bauhär vum neien nationale Stadion. Déi grouss Fro, déi sech d’Futtballwelt hei am Land stellt ass, ob dann elo definitiv am Mäerz an der neier Enceinte op der Cloche d’Or gespillt ka ginn, dozou d’Lydie Polfer:

“Also dat kann ech him mat honnertprozenteger Sécherheet nach net soen, well dat vu ville Saachen ofhänkt. Dir wësst, datt Corona eis vill Misär gemaach huet. Et waren eng Rei auslännesch Firmen, déi net komm sinn, well se beim Retour an hiert Land, dann a Quarantaine hätte misse goen.”

D’Stater Buergermeeschtesch gëtt ze bedenken, datt et vu baussen zwar fäerdeg ausgesäit, mä:

Bannendra sinn nach eng Rei Finitiounsaarbechten ze maachen, d’Sonorisatioun, d’Gelänner. Wann déi Saachen all gemaach sinn, da mussen Tester ufänken, fir ze kucken, ob dat alles anenee spillt. Déi Tester kéinten dann Enn Januar, Ufank Februar gemaach ginn. An wann dat dann alles gutt geet, dann kënnt een hoffen.”

An dësem Moment wëll ee sech an der Stater Märei net ze wäit aus der Fënster leeën, fir lo schonn ze soen, ob am Mäerz d’Qualifikatioun fir d’Futtball-Weltmeeschterschaft an zwee Joer am Qatar, am neie Stadion ugefaange ka ginn:

Definitiv kann een dat mam beschte Wëllen elo net soen.”

Den nächste Méindeg ginn zu Zürech an der Schwäiz am Sëtz vun der FIFA, der Internationaler Fussballfederatioun, d’Gruppen fir d’Qualifikatioun fir d’WM gezunn. D’FLF-Formatioun ass am Dëppen 4 vun 6, an kritt et deemno mat zwee a priori méi schwaache Géigner ze dinn. Ma et waart awer sécher och esou eng grouss Natioun wéi Däitschland, Frankräich oder England op d’Rout Léiwen, an besser kéint de neie Stadion dann jo bal net ageweit ginn.

Luc Holtz hofft, fir am Mäerz am neie Stadion kënnen ze spillen

Luc Holtz iwwer neie Stadion / Reportage Franky Hippert

„A mengen Aen misst et méiglech sinn, am Mäerz am neien nationale Stadion kënnen ze spillen“, dat seet de Lëtzebuerger Futtballnationaltrainer Luc Holtz.

De 7. Dezember ass zu Zürich am Sëtz vun der FIFA, der internationaler Futtballfederatioun, den Tirage vun de Gruppe fir d’Qualifikatioun fir d’WM 2022 am Qatar. Lëtzebuerg ass am Dëppe 4 vu 6 a kritt et deemno mat zwee a priori méi schwaache Géigner ze dinn. Ma et waart awer sécher och esou eng grouss Natioun wéi Däitschland, Frankräich oder England. Den FLF-Nationaltrainer Luc Holtz hofft op jiddwerfalls am Mäerz op der Cloche d’Or kënnen ze spillen:

„'Nur die Hoffnung stirbt zuletzt’ seet een esou schéin, natierlech hoffen ech, datt mer net méi op de Josy Barthel mussen zeréckgoen. Et ass elo eng Zäit hier, datt ech fir d’lescht um Stadion waarm, mä do war awer scho vill fäerdeg.”

Alles anescht wär fir de Luc Holtz nëmme schwéier ze verstoen:

“Den Terrain ass schei gréng, op den Tribüne si schéi Sëtzer, d’Vestiairë sinn och fäerdeg, hunn ech gesinn. Wann nach eng Schrauf muss agereit ginn, da kann een dat och nach méi spéit maachen. Wann de Wëllen do ass, misst een am Mäerz kënnen am neie Stadion spillen.”

Wann da bis alles am neien nationale Futtball- a Rugbystadion fäerdeg ass, muss dat Ganzt jo och nach vun den zoustännegen Autoritéiten ofgeholl ginn, an et mussen och nach 2 Testmatcher gespillt ginn.

De Lëtzebuerger Futtballnationaltrainer Luc Holtz hofft also, am Mäerz am neie Stadion kënnen ze spillen. Beim Bauhär, der Stater Gemeng, huet een déi Hoffnung och nach ëmmer. Et wëll ee sech an dësem Moment awer mat enger Ausso, net ze wäit aus der Fënster leeën.

Back to Top
CIM LOGO