
De Leandro Barreiro huet mat Mainz kloer 0:3 zu Wolfsburg verluer. Mainz huet déi 3 Goler an den éischten 30 Minutte kasséiert a konnt sech dovun net erhuelen. De Barreiro konnt net un déi gutt Leeschtung géint d’Bayern uknäppen a gouf an der Paus ausgewiesselt.
Fir de Seid Korac an Degerfors gouf et en 2:1-Succès géint Djugardens. De Lëtzebuerger stoung 90 Minutten an der Ofwier um Terrain.
Eng Defaite gouf et donieft fir New York City mam Maxime Chanot. Den Ofwierspiller war 90 Minutten am Asaz, konnt d'0:1-Néierlag zu Toronto awer och net verhënneren.
A Norwegen war Kongsvinger IL Hödd mat 0:3 ënnerleeën. De Lars Gerson huet hannen an der Dräierkett de ganze Match duerchgespillt.
Fir den Enes Mahmutovic mam ZSKA Sofia gouf et eng batter 0:1 Néierlag doheem géint Ludogorez. De Lëtzebuerger gouf an der 87. Minutt ausgwieselt, nodeem hie schonn an der 51. eng giel Kaart gesinn hat.
An der däitscher Bundesliga war den 1. FC Köln géint den SC Freiburg am Asaz, mee konnt eng 0:1-Defaite net evitéieren. De Mathias Olesen gouf bei dësem Match net agesat. Den Effzeh bleift bei 35 Punkten op der 11. Plaz.
De Sebastien Thill an Hansa Rostock séchere sech wichteg Punkten am Kampf géint den Ofstig an der zweeter Bundesliga. Bei der 1:0-Victoire zu Kaiserslautern souz de Lëtzebuerger 90 Minutten op der Bänk.
Och den Eldin Dzogovic koum um 30. Spilldag beim Match vu Magdeburg net zum Asaz. Den FCM huet ech doheem mat 3:2 géint den Hamburger SV duerchgesat an dem Opstigskandidat e Bee gestallt. D’Ekipp vum Lëtzebuerger brauch nach dräi Punkten, fir eng weider Saison an der zweeter Bundesliga ze spillen.
An der zweeter portugisescher Liga huet Vilafranquense 2:0 géint Torreense gewonnen. De Veräin vum Eric Veiga, deen dëse Match net zum Asaz koum, bleift domat mat 44 Punkten op der fënnefter Plaz.
An Éisträich huet den Dirk Carlson mat St. Pölten auswäerts 3:0 géint Dornbirn gewonnen. De Lëtzebuerger stoung iwwer 90 Minutten um Terrain a bleift mat senger Ekipp Tabellenéischten, ee Punkt virum Verfollger Linz. Et bleiwen nach fënnef Matcher ze spillen a St. Pölten kämpft ëm den Opstig.
Den Olivier Thill huet an der zweeter tierkescher Liga ee Punkt gesammelt. Eyüpspor huet 0:0 bei Tuzlaspor gespillt, woubäi de Lëtzebuerger an der 81. Minutt agewiesselt gouf. Eyüpspor ass de Moment Véierten an huet nach Chancen op den Opstig an d’Süper Lig.
Wigan Athletic ass nom 1:1 géint Reading esou gutt wéi ofgestigen. Am Duell géint en direkte Konkurrent am Ofstigskampf konnt d’Ekipp vum Danel Sinani net deen erhoffte Big Point landen a steet ee Spilldag viru Schluss weiderhin op der leschter Plaz. De Lëtzebuerger Nationalspiller gouf an der 51. Minutt agewiesselt.
Dat selwecht Resultat gouf et an der Ligue 2 a Frankräich och fir de Florian Bohnert an den SC Bastia, déi doheem 1:1 géint Amiens gespillt hunn. De Lëtzebuerger gouf an der 64. Minutt agewiesselt, wou schonn alleguer d’Goler gefall waren. Bastia huet just nach theoreetesch d’Méiglechkeet, an d’Ligue 1 opzesteigen.
Waldhof Mannheim, mam Lëtzebuerger Laurent Jans, hat e Freideg den Owend den Hallescher FC op Besuch. D’Gäscht sollten direkt an der 6. Minut duerch den Deniz a Féierung goen. An der 27. Minutt konnt Waldhof Mannheim dunn duerch e Gol vum Schnatterer ausgläichen.
Duerno huet d’Ekipp ëm de Lëtzebuerger Nationalspiller als déi däitlech méi effikass erausgestallt an an der 36. Minutt konnt de Winkler no enger Virlag vum Schnatterer op 2 : 1 erhéijen. Mat dësem Score ass et dann och an d’Halbzeit gaangen.
Ma de Winkler schéngt e gudden Dag erwëscht gehat ze hunn. Hien huet nämlech an der 55. Minutt den 3 : 1 an an der 60. Minutt de 4 :1 fir d’Haushäre markéiert.
Waldhof Mannheim gewënnt deemno mat 4 : 1 géint den Hallescher FC a klëmmt tëschenzäitlech op déi 6. Plaz an der Tabell.
De Laurent Jans huet de ganze Match duerchgespillt.