
Wéi vill Leit sech op där Plaz erwaart ginn, wëll de Sportminister Georges Mischo op eng entspriechend parlamentaresch Fro vun der LSAP-Deputéierter Liz Braz net preziséieren. Wéi et heescht, hofft een, datt de Pavillon wäert “gutt besicht” ginn.
All Athleten, d’COSL-Delegatiounsleit an Traineren, déi un den Olympesche Spiller deelhuelen, dierfen d’Lëtzebuerger Haus och benotzen. Familljen a Frënn sinn do net inclus. D’Maison du Luxembourg wäert seng Diere wärend 17 Deeg op hunn.