
Mam President vun der Lëtzebuerger Tennisfederatioun hu mer ënnert anerem iwwer d‘Buch “75 Joer FLT” geschwat, dat e Sonndeg am der Kader vun de Cup-Finals offiziell virgestallt gouf. Et ass e ganz gelongent Buch mat ville Fotoen, Informatiounen a Statistiken, dat de Carlo Poos mat senger Ekipp zesummegestallt huet. Et ginn esouwuel déi flott Momenter vum Davis Cup wéi och vum Fed Cup illustréiert, genee wéi och déi grouss Optrëtter vun de beschte Lëtzebuerger Profien op der internationaler Bün.
Da war natierlech och déi geckeg Finall op den Australian Open, dem éischte Grand Slam vum Joer, tëscht dem Spuenier Rafael Nadal an dem Russ Daniil Medvedev e Sujet. Den Nadal louch jo schonn 0:2 an de Sätz hannen an huet dunn d‘Partie awer nach gedréit. De 36 Joer ale Spuenier huet elo mat 21 Grand-Slam-Titelen eleng de Rekord.