BasketMam Filipe Abreu an Alain Schaeffer huet den AS Zolwer en neien Trainer-Duo

RTL Lëtzebuerg
E gudde Mount nodeems den Zolwer Basket sech vum Trainer Carlo Ferrante getrennt huet, ass et elo d'Nouvelle, dass d'Trainerposten nei besat sinn.
© AFP Archivbild

De Filipe Abreu an den Alain Schaeffer trainéiere vun elo u souwuel déi éischt Ekipp bei den Häre bis d’Enn vun der Saison, ma och d’Dammen. De Barber William, dee bis elo den Interim garantéiert hat, bleift Fitness-Coach.

Dann ass et nach d’Nouvelle, dass d’Dammenekipp mam Grissett E’Lisa Ariel verstäerkt gëtt. Si kënnt vun der Universitéit vu South Carolina op Zolwer.

Back to Top
CIM LOGO