
Am nationale Futtball gouf den F91 Diddeleng dës Saison Champion, dat nom Ëmbroch an der Forge du Sud vläicht e bësse méi séier wéi déi meescht Leit geduecht haten.
Um Sonndeg war den Directeur Sportif vum F91, de Manou Goergen, Invité vum Jeff Kettenmeyer um Radio.
Mat him goung et ënnert anerem ëm de Bilan vun der Saison, notamment och déi verluere Coupe-Finall géint de Racing a wéi déi finanziell Situatioun vum Veräin ausgesäit.
Déi nächst Saison wäert de Lëtzebuerger Champion deemno an der Champions-League-Qualifikatioun spillen.
Donieft goung et awer och ëm d’Jugendaarbecht vum Veräin an iwwert de Referendum ronderëm “premières licences” am Lëtzebuerger Futtball.
De kompletten Interview mam Manou Goergen fann dir hei: