Volleyball CoupeMamer a Stroossen si Coupegewënner

RTL Lëtzebuerg
Mamer ka sech bei den Dammen e bëssen iwwerraschend mat 3:2 géint Walfer duerchsetzen. Bei den Hären huet Stroossen Bartreng keng Chance gelooss.
© Marc Burelbach

An der Sportshal zu Luerenzweiler stoungen e Sonndeg d’Finallen an der Coupe de Luxembourg um Programm. Bei den Damme geléngt Mamer d’Iwwerraschung a klappt Walfer mat 3:1 (25:16, 10:25, 25:19, 24:26, 15:13).

Bei den Dammen huet Mamer dem Favorit Walfer an der Ufanksphase iwwerhaapt keng Chance gelooss a gewënnt den 1. Saz mat 25:16. Am zweete Saz ass et dunn genau ëmgedréint gelaf. D’Ekipp vu Walfer ronderëm d’Betty Hoffmann ass mat engem 3:0 gestart. Walfer huet Mamer dominéiert a gewënnt den zweete Saz mat 25:10. An engem serréierten drëtte Saz huet sech Mamer dunn nees duerchgesat, dat mat 25:19. Am véierte Saz ass Walfer zeréck komm a ka dëse mat 26:24 fir sech entscheeden, sou dass ee 5. a leschte Saz huet missen d’Finall entscheeden. An hei war et um Enn Damme vu Mamer déi dëse mat 15:13 konnte fir sech entscheeden an d’Coupe mat op Mamer huelen.

Damme vu Mamer wannen d'Coupe
An der Finall gouf et eng iwwerraschend 3:2-Victoire géint Walfer. Betty Hoffmann a Co ware bis dohinner dës Saison nach ongeschloen.

An der Finall vun den Häre stoungen um Owend nach de VC Stroossen géint de Volley Bartreng géigeniwwer. Am Derby hat Stroossen den besseren Depart an huet an engem serréiertem 1. Saz dësem mat 25:19 konnte fir sech entscheeden. Am 2. Saz huet Stroossen dominéiert an dësen mat 25:12 gewonnen. Am drëtten a virentscheedende Saz huet Bartreng nach emol alles versicht, sollt awer kee Mëttel géint de Stroossener Block fannen, sou dass de VCS d’Finall ma 3:0 ka wannen. D’Coupe geet domat op Stroossen.

Stroossen géint Bartreng 3:0
Bei den Hären huet Stroossen Bartreng beim 3:0 keng Chance gelooss.

Bei de Minmes, Scolaire an och de Cadets gouf et iwwerdeems jeeweils eng Victoire fir de Volley Bartreng.

D’Resultater vun den Hären

D’Resultater vun den Dammen

Back to Top
CIM LOGO