
West Ham United - FC Liverpool 1:2
1:0 Paqueta (12'), 1:1 Gakpo (18'), 1:2 Matip (67')
D’Heemekipp ass gutt an de Match komm an ass fréi duerch de Paqueta a Féierung gaangen. Ma déi freet huet net laang gehalen, well de Gakpo schonn no 18 Minutten den Ausgläich markéiert huet. D’Fans hunn awer bis déi 67. Minutt misst waarden, bis se den nächsten an decisive Gol vun dëser Partie ze gesi kruten.
Manchester City - FC Arsenal 4:1
1:0 De Bruyne (7'), 2:0 Stones (45'+1), 3:0 De Bruyne (54'), 3:1 Holding (86'), 4:1 Haaland (90'+5)
City huet, wat de Score betrëfft, de Match dominéiert a war ganz fréi duerch den De Bruyne a Féierung gaangen. Dësen an de Stones hunn da kuerz virun respektiv kuerz no der Paus dann nach op 3:0 erhéicht. De Gol vum Holding kuerz viru Schluss war fir d’Londoner nach just Kosmetik, grad well den Haaland an der Nospillzäit nees den Ecart vun 3 Goler hiergestallt huet. Arsenal bleift no dëser Partie weider un der Spëtzt, huet awer nach just 2 Punkten Avance op City, dat bei zwee Matcher, déi d’Ekipp aus der Haaptstad méi huet.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
Inter Mailand - Juventus Turin 1:0
1:0 Dimarco (15')
Eng knapp Victoire gouf et fir Inter an der italieenescher Coupe géint déi al Damm aus Turin. Et war en defensiv gefouerte Match, bei där Inter dräi grouss Chancen hat an direkt déi éischt hat den Dimarco no 15 Minutte genotzt, an Juvé net wierklech eng richteg honnertprozenteg Chance erausspille konnt. Den Allersmatch war 1:1 ausgaangen.
Atlético Madrid - RCD Mallorca 3:1
0:1 Nastasic (20'), 1:1 De Paul (45'+2), 2:1 Morata (47'), 3:1 Ferreira Carrasco (77')
Atlético huet sech an den éischte Minutte géint Mallorca schwéier gedoen an d’Ekipp vun der beléifter Vakanzeninsel ass no 20 Minutten a Féierung gaangen. Ma mat zwee Goler quasi direkt virum an direkt nom Säittewiessel hunn d’Favoritten an dëser Partie de Match gedréint. No 77 Minutten huet de Carrasco dunn den Deckel dropgemaach.