
E Freideg huet Manchester City fir d’éischte Kéier an der Veräinsgeschicht d’Club-Weltmeeschterschaft gewonnen. De Favorit huet de Match géint Fluminense Rio de Janeiro vun der éischter Sekonn un dominéiert an huet sech den Titel no fréier Féierung net méi huele gelooss.
Um Enn huet ManCity sech mat 4:0 behaapt. D’Goler hunn den Alvarez (1', 88'), den Nino (27', Selbstgol) an de Foden (72') geschoss.
No hirer excellenter leschter Saison mam Triple aus Championnat, FA-Cup an Champions League huet d’Ekipp vum Pep Guardiola sech deemno nach e weideren Titel geséchert.