
Am internationale Futtball waren ënnert aanerem den AC Milan, Tottenham, Barcelona an Atletico Madrid am Asaz.
Southampton - Tottenham 2:1
Am englesche Championnat wollte sech d'Tottenham Hottspur weider a gudder Form presentéieren, dëst sollt hinnen um Enn awer net geléngen. Nodeems de Kane seng Faarwen an der 26. Minutt no enger schéiner Virlag vum Dele Alli a Féierung brénge konnt, hat nach alles op eng Victoire vun de Gäscht gedeit.
Nom Säitewiessel hate sech d'Gäscht allerdéngs net opginn, a sou war et an der 76. Minutt de Valery, dee Southampton erëm an de Match brénge konnt. Nëmme 5 Minutte méi spéit konnt de Ward-Prowse d'Iwwerraschung da perfekt maachen. Et war him gelongen, ee Fräistouss aus gutt 20 Meter direkt am Gol ënnerzebréngen.
Manchester City - Watford 3:1
De Leader aus der englescher Premier League huet sech um Samschdeg net iwwerrasche gelooss. Watford konnt an der éischter Hallschent nach dogéinthalen, ma nom Säitewiessel huet Manchester City awer näischt méi ubrenne gelooss. Duerch dräi Goler innerhalb vun 13 Minutte konnt de Raheem Sterling seng Faarwen an déi richteg Richtung steieren, sou dass et dem Deulofeu an der 66. Minutt just nach gelonge war, den 1:3 aus der Sicht vu Watford ze markéieren. Domat bleift Manchester City un der Spëtzt vun der Tabell.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
Strasbourg - Lyon 2:2
Lyon war ganz staark an de Match gestart a sou hat et och nëmmen 3 Minutte gedauert, bis den Dembélé d'Féierung markéiere konnt. Am zweeten Duerchgang war et erëm den Dembélé, dee vum Punkt erhéije konnt.
Duerno waren et awer d'Männer vu Stroossbuerg, déi besser an de Match koumen. Duerch zwee Goler vum Ajorque innerhalb vu nëmmen enger Minutt konnt Stroossbuerg den 2:2-Ausgläich nach markéieren, a soumat konnte si sech um Enn awer nach ee Punkt sécheren.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1
Atletico Madrid - Leganes 1:0
An engem schwaache Match war et de Männer aus Madrid net gelongen, de Match op hir Säit ze zéien. Leganes war déi liicht besser Ekipp, a sou stoung et zur Halbzeit och verdéngt 0:0. Nom Säitewiessel koum Atletico da besser an de Match, dëst well de Saul an der 50. Minutt zwar een Eelefmeter net verwandele konnt ma säi Noschoss hat de Wee an de Filet dann awer fonnt. Atletico hat iwwert de ganze Match gekuckt um Enn och déi besser Chancen, a sou setze si sech um Enn mat 1:0 duerch.
Barcelona - Rayo Vallecano 3:1
Den FC Barcelona ka seng Féierung an der héchster spuenescher Divisioun bestätegen. Fir Rayo Vallecano konnt den De Tomas d'Féierung an der 24. Minutt markéieren. Nodeems de Pique an der éischter Hallschent den Ausgläich markéiere konnt, war et an der zweeter Hallschent de Lionel Messi mat engem Eelefmeter, deen erhéije konnt.
De Schlusspunkt war vir de Suarez, deen an der 82. Minutt den 3:1 markéiere konnt.
LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga
Chievo - AC Milan
An der italienescher Serie A konnt de Biglia den AC Milan zwar a Féierung bréngen, ma den Hetemaj konnt nach an der éischter Hallschent ausgläichen. Den entscheedende Gol war fir de Piatek, deen dem AC Milan dräi wichteg Punkte séchere konnt.