
An der Bundesliga konnt sech e Samschdeg ënner anerem Bayern München géint Mainz duerchsetzen a Bochum dem BVB ee Punkt ofknäppen, all d’Resultater fannt Dir hei.
Manchester City - Wolverhampton Wanderers 1:0
1:0 Sterling (66’, Eelefmeter)
Zwar war Manchester City de ganze Match iwwer déi dominant Ekipp, ma de Ball wollt awer net richteg eragoen. No der rouder Kaart vum Jimenez (45+2’) hunn d’"Wolves” och an Ënnerzuel gutt dogéint gehalen, dem Sterling säin Eelefmeter huet de Match awer entscheet. Duerch dës Victoire bleiwen d’"Sky Blues” mat engem Punkt Avance un der Tabellespëtzt.
Arsenal - Southampton 3:0
1:0 Lacazette (21’), 2:0 Ødegaard (27’), 3:0 Gabriel (62’)
Liverpool - Aston Villa 1:0
1:0 Salah (67’, Eelefmeter)
Bei senger éischter Kéier als Trainer un der Anfield Road kann och de Steven Gerrard Liverpool net stoppen. Aston Villa stoung zwar an der Defensiv sécher, hat no vir awer net vill unzebidden. Zwar ass d’Kreéiere vu Chancen no der Paus bei Liverpool besser gaangen, ma och d’Ekipp vum Jürgen Klopp huet en Eelefmeter gebraucht, fir a Féierung ze goen. Och si huet awer du bis zum Schluss näischt méi ubrenne gelooss a steet doduerch weiderhin op der 2. Tabelleplaz ee Punkt hannert dem Champion Manchester City.
Chelsea - Leeds United 3:2
0:1 Raphinha (28’, Eelefmeter), 1:1 Mount (42’), 2:1 Jorginho (58’, Eelefmeter), 2:2 Gelhardt (83’), 3:2 Jorginho (90+4’, Eelefmeter)
An engem intensiven a verréckte Match behält Chelsea um Enn d’Iwwerhand duerch zwee Eelefmeter vum Jorginho. Béid Ekippen hu sech näischt geschenkt an et war gréisstendeels ee Match op Aenhéicht, bei deem Chelsea glécklech mat deenen 3 Punkte ka sinn. D’"Blues” bleiwen domat, mat just 2 Punkte Retard op de Leader Manchester City, op der 3. Plaz, wärend Leeds duerch d’Néierlag vu Southampton de 15. bleift.
Norwich City - Manchester United 0:1
0:1 Ronaldo (75’, Eelefmeter)
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
FC Venedeg - Juventus Turin 1:1
0:1 Morata (32’), 1:1 Aramu (55’)
Juventus Turin kënnt weider net a Schwong a kann och net beim Opsteiger aus Venedeg gewannen. Dem Morata seng Féierung gouf no der Paus vum Amaru ausgeglach an dono ass de “Bianconeri” net méi vill agefall. De Spëtzegrupp aus der Serie A zitt doduerch ëmmer méi wäit dovun a mëttlerweil huet d’Ekipp vum Massimiliano Allegri mat engem Match méi ee Réckstand vu 6 Punkten op d’Plaz 4.
Udinese - AC Mailand 1:1
1:0 Beto (17’), 1:1 Ibrahimovic (90+2’)
Den Tabelleleader vun der Serie A weist eng schwaach Leeschtung, an der Nospillzäit rett den Ibrahimovic de “Rossoneri” awer nach ee Punkt. Trotzdeem loossen si 2 wichteg Punkten an der Course ëm de Championstitel leien an Inter Mailand an Napoli kënnen alle béid e Sonndeg mat enger Victoire laanschtzéien.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
Brest - Montpellier 0:4
0:1 Wahi (45+2’), 0:2 Mavididi (47’), 0:3 Sambia (60’), 0:4 Germain (85’)
LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1
Espanyol Barcelona - Levante 4:3
1:0 Darder (6’), 1:1 de Frutos (11’), 1:2 Son (26’), 2:2 de Tomas (49’), 2:3 Morales (57’), 3:3 Puado (60'), 4:3 Puado (76’)
Ee verréckte Match gouf et an der spuenescher Liga, wou Espanyol Barcelona sech an engem ëmkämpfte Match um Enn mat 4:3 géint Levante duerchsetze konnt. Espanyol spréngt domat als Opsteiger op déi 8. Tabelleplaz erop, wärend Levante den 20. bleift a weider op eng Victoire dës Saison waart.
Athletic Bilbao - Sevilla 0:1
0:1 Delaney (38')