BundesligaBayern klappt Mainz, Dortmund a Bochum trenne sech mat 1:1

RTL Lëtzebuerg
Donieft verléiert Mönchengladbach zu Leipzig a Freiburg an Hoffenheim spille gläich.
© AFP

Bayern München wënnt doheem mat 2:1 géint Mainz mam Leandro Barreiro a ka seng Tabelleféierung domat weider ausbauen. An der éischter Hallschent hunn d’Bayern sech trotz villem Ballbesëtz schwéier gedoen a konnte keng gutt Occasiounen erausspillen. Bei de Gäscht ass et awer ëmmer rëm séier no vir gaangen an an der 22. Minutt konnt de Karim Onisiwo den 1:0 fir Mainz markéieren. No der Paus ass d’Ekipp vum Julian Nagelsmann däitlech verbessert aus de Kabinne komm an huet duerch de Coman an der 53. Minutt ausgeglach. Den Drock vun den Haushären ass ëmmer méi grouss ginn, soudass de Musiala no 74 Minutten d’Partie konnt dréinen. De Leandro Barreiro stoung vun Ufank un um Terrain a gouf an der 82. Minutt ausgewiesselt.

Borussia Dortmund kënnt net iwwer en 1:1 zu Bochum eraus a verléiert domat den Uschloss un d’Tabellespëtzt. An enger spannender an intensiver Partie kruten déi Bochumer kuerz virun der Paus no engem Foul vum Dortmunder Golkipp Kobel en Eelefmeter zougesprach, deen de Polter souverän verwandele konnt. No der Paus hat Dortmund dunn däitlech méi vum Match an ass ëmmer weider ugelaf, konnt géint eng kompakt Bochumer Defensiv awer wéineg kloer Chancen kreéieren. An der 85. Minutt war et dunn awer nach de Brandt, deen den héichverdéngten Ausgläich fir de BVB konnt markéieren, deen domat awer trotzdeem 6 Punkten hannert de Bayern läit.

RB Leipzig kann am éischte Match ënnert dem neien Trainer Domenico Tedesco op ganzer Linn iwwerzeegen an eng verdéngten 4:1-Victoire géint Borussia Mönchengladbach afueren. Schonn no 33 Minutte stoung et no Goler vu Gvardiol (21’) a Silva (33’) 2:0. Kuerz viru Schluss konnt de Bensebaini nach verkierzen, ma an der Nospillzäit hunn den Nkunku an den Henrichs endgülteg den Deckel dropgemaach. Mat enger besserer Chancen-Verwäertung vun de Leipziger hätt d’Resultat awer och nach däitlech méi héich ausfale kënnen. D’Ekipp vum Adi Hütter huet elo aus deene leschten 3 Matcher kee Punkt matgeholl an dobäi 14 Goler geschoss kritt, woumat si op der 13. Plaz stinn.

Freiburg zitt iwwerdeems duerch ee Gol vum Richards an der Nospillzäit mat 1:2 géint Hoffenheim de Kierzeren, wärend Hertha Berlin beim 2:0 géint Arminia Bielefeld eng héichverdéngte Victoire am 2. Match ënnert dem Tayfun Korkut ka feieren.

Um 18h30 Auer huet dunn nach de VfL Wolfsburg eng 0:2-Heemdefaite géint de VfB Stuttgart missen hinhuelen. An enger Partie mat wéinege Chancë konnten d’Visiteuren no 25 Minutten duerch de Mavropanos a Féierung goen. Och am Uschloss war et ee serréierte Match mat ville Feeler an an der 63. Minutt war et de Förster, deen den 0:2 markéiere konnt. Eng Véierelsstonn viru Schluss hunn d’Stuttgarter a Persoun vum Marmoush dann och nach een Eelefmeter verschoss, wat sech awer net méi sollt rächen. Dem Pellegrino Matarazzo seng Ekipp kann zu Wolfsburg eng wichteg Victoire am Ofstigskampf feieren, wärend Wolfsburg elo déi lescht 3 Matcher verluer huet.

D’Statistike vun de Matcher

Klickt hei, fir op d’Säit mat all de Resultater ze kommen.

D’Klickt op de Match, fir d’Statistiken ze gesinn.

D’Tabell vun der Bundesliga

Back to Top
CIM LOGO