
A Spuenien gouf et eng 2:1-Victoire fir Sevilla géint Getafe.
Lazio Roum - Empoli 2:2
1:0 Felipe Anderson (2'), 2:0 Zaccagni (54'), 2:1 Caputo (83'), 2:2 Marin (90+3')
Am Stadio Olimpico zu Roum huet et 80 Minutte laang no engem souveränen Erfolleg vu Lazio ausgesinn. An der 2. Minutt huet den Anderson seng Faarwen a Féierung bruecht. Kuerz no der Paus huet den Zaccagni op 2:0 erhéicht. D’Heemekipp war sech an der Schlussphas awer ze sécher. Fir d’éischt huet de Caputo Empoli op 1:2 erubruecht. An der Nospillzäit ass dem Marin och nach den Ausgläich gelongen. An der Tabell bleift Lazio op der 5. Plaz an huet et verpasst, méi no un d’Top 4 erunzekommen.
Sampdoria Genua - Neapel 0:2
0:1 Osimhen (19'), 0:2 Elmas (82', Eelefmeter)
No der 1. Néierlag vun der Saison géint Inter wollt Neapel et zu Genua besser maachen. D’Gäscht ware vun Ufank un hellwaakreg. Nodeems de Politano en Eelefmeter verschoss huet, ass dem Osimhen 13 Minutte méi spéit den 1:0 fir Neapel gelongen. D’Heemekipp huet sech duerch eng rout Kaart fir de Rincon an der 39. Minutt d’Liewen nach méi schwéier gemaach. Nom Säitewiessel hat Neapel méi vum Match, d’Gäscht hunn et an enger éischter Phas awer verpasst, den zweete Gol ze markéieren. 8 Minutte viru Schluss huet den Elmas mat engem Eelefmeter fir d’Virentscheedung gesuergt. An der Tabell bleift Neapel souverän op der éischter Plaz.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
Manchester City - Chelsea 4:0
1:0 Mahrez (23'), 2:0 Alvarez (30', Eelefmeter), 3:0 Foden (38'), 4:0 Mahrez (85', Eelefmeter)
Manchester City war vun Ufank un dominant um eegenen Terrain an huet Chelsea net an d’Spill komme gelooss. Tëschent der 23. an der 38. Minutt hu Mahrez, Alvarez a Foden d’Ekipp vum Pep Guardiola mat dräi Goler belount. Chelsea hat an der 1. Hallschent näischt dogéint ze setzen. Nom Säitewiessel huet d’Heemekipp de Virsprong geréiert. D’Gäscht wollten zwar de Réckstand verkierzen, hir wéineg Chancë konnte si awer net notzen. De Mahrez huet kuerz viru Schluss mat engem Eelefmeter op 4:0 erhéicht. Um Enn ka sech Manchester City kloer fir de nächsten Tour qualifizéieren.
Um Sonndeg huet Norwich, mam Lëtzebuerger Danel Sinani, mat 0:1 géint Blackburn Rovers verluer an ass domadder eliminéiert.
Sevilla - Getafe 2:1
1:0 Acuna (36'), 2:0 Mir (80'), 2:1 Mayoral (87')
E wichtegen Erfolleg gouf et fir Sevilla am Tabellekeller. No enger dominanter éischter Hallschent louch d’Heemekipp duerch e Gol vum Acuna mat 1:0 a Féierung. D’Gäscht haten no der Paus gutt Geleeënheeten duerch Mayoral an Algobia. E Gol sollt awer net falen. Op der anerer Säit huet de Mir op 2:0 erhéicht. An der 87. Minutt huet de Mayoral op 1:2 verkierzt. Duerch dësen Erfolleg verléisst Sevilla d’Ofstigsplazen.