
Manchester City huet fir d’éischte Kéier den Uefa-Supercup gewonnen. Den englesche Champion an Champions-League-Gewënner huet sech zu Piräus am Eelefmeterschéisse mat 5:4 géint den FC Sevilla behaapt.
No enger Drénkpaus wéinst den héijen Temperaturen a Griicheland huet de Youssef En-Nesyri an der 25. Minutt Sevilla mat 1:0 a Féierung bruecht. No enger perfekter Flank vum Marcos Acunna huet den En-Nesyri de Ball mat engem Käpper an den ënneschte lénken Eck geschoss. Mat 1:0 fir d’Spuenier ass et an d’Paus gaangen.
An der 63. Minutt konnt dunn de Favorit Manchester City ausgläichen. De Rodrigo huet de Ball mat enger schéiner Flank aus 17 Meter virun de rietse Potto bruecht, hei hate sech direkt dräi City-Spiller ofgesat. De Cole Palmer ass um Enn un de Ball komm an huet mam Kapp op 1:1 gesat.
No der regulärer Spillzäit stoung et nach ëmmer gläich tëscht béiden Ekippen. D’Decisioun ass dunn am Eelefmeterschéisse gefall, well et keng Verlängerung gouf.
An hei huet ManCity déi 5 Eelefmeter verwandelt. Bei Sevilla huet den Nemanja Gudelj nëmmen d’Lat getraff an domadder stoung d’Ekipp vum Pep Guardiola als Gewënner fest.