
Amplaz vun e puer Woche wäert den 32 Joer ale Belsch awer “e puer Méint” feelen, dat huet den Trainer Pep Guardiola en Dënschdeg matgedeelt. Säi Spiller hätt “eng seriö Blessur”, d’Decisioun iwwert d’Noutwendegkeet vun enger Operatioun géing nach opstoen.
Beim 3:0-Succès beim Opsteiger FC Burnley e Freideg hat den De Bruyne an der Mëtt vun der éischter Hallschent den Terrain verloosse missen. “Op der nämmlechter Plaz an der nämmlechter Positioun wéi an der Champions League, an hie wäert eng Zäit ausfalen”, sou de Guardiola e Freideg nom Optaktmatch vun der Premier-League-Saison.
Bei der Champions-League-Finall hat den De Bruyne virun zwee Méint wéinst engem Muskelfaserrëss am Uewerschenkel missen ausgewiesselt ginn.