
Manchester City - FC Fulham 5:1
1:0 Alvarez (31'), 1:1 Ream (33'), 2:1 Ake N. (45'+5), 3:1 Haaland (58), 4:1 Haaland (70',p), 5:1 Haaland (90'+5) Et war eng kloer Victoire fir den aktuelle Champion an England. Nodeem et no 33 Minutten nach 1:1 stoung, den Alvarez hat City a Féierung bruecht an den Ream hat ausgeglach, huet d’Heemekipp de Recht vun der Partie dominéiert. An der Nopsillzäit vun der 1. Hallschent huet den Ake nach op 2:1 erhéicht, éier den Haaland an der zweeter Hallschent Vollgas ginn huet an dräi Mol markéiere konnt.
Brighton & Hove Albion - Newcastle United 3:1
1:0 Ferguson (27'), 2:0 Ferguson (65'), 3:0 Ferguson (70'), 3:1 Wilson (90'+2)
Dës Partie an der Premier League kéint een och als “Den Dag vum Evan Ferguson” resuméieren. Den Ir konnt ganzer 3 Goler géint Newcastle markéieren an domadder seng Faarwen op d’Gewënnerstrooss schécken. Eenzege Gol fir Newcastle huet de Wilson an der Nospillzäit geschoss.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
Real Madrid - FC Getafe 2:1
0:1 Mayoral (11'), 1:1 Joselu (47'), 2:1 Bellingham (90'+5)
D’Gäscht konnte fréi an der Partie duerch de Mayoral a Féierung goen. Ma obwuel déi Kinneklech dës Partie dono bal komplett dominéiert hunn, huet et bis zu der 47. Minutt gedauert, bis si duerch de Joselu den Ausgläich konnte schéissen. D’Entscheedung duerch de Bellingham ass eréischt spéit an der Nospillzäit gefall.
LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga
SSC Neapel - Lazio Roum 1:2
0:1 Luis Alberto (30'), 1:1 Zielinski (32'), 1:2 Kamada (52')
Et sollt déi éischt Néierlag fir Neapel an dëser Saison ginn, dat grad géint Lazio Roum, déi zwou Néierlagen an zwee Matcher um Compte hunn. De Luis Alberto hat no enger hallwer Stonn fir d’Réimer virgeluecht, ma d’Féierung sollt just 2 Minutten halen, bis den Zielinski ausgeglach huet. Kuerz no der Paus huet de Kamada dunn d’Ekipp aus der italieenescher Haaptstad nees a Féierung bruecht. Neapel hat zwar de ganze Match iwwer déi besser Statistike wat Ballbesëtz a Golchancen ugeet, si hunn et awer verpasst, méi vun hire villen Aktiounen ze notzen.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
AS Monaco - RC Lens 3:0
1:0 Singo (24'), 2:0 Golovin (36'), 3:0 Maripan (59')
Monaco hat doheem wéineg Problemer mat Lens. D’Ekipp aus dem Fürstentum hat de Match am Grëff, datt och, well Lens einfach ze onprezis am Ofschloss war a vill vun hire Chance laanscht de Gol gesat huet. Schonn an der Paus war Monaco 2:0 duerch Singo a Golovin am Avantage. An der zweeter Hallschent huet de Maripan nach op 3:0 erhéicht.