
Manchester City ass vun Ufank un héichmotivéiert opgetrueden an huet probéiert, de bis heihinner ongeschloenen Tabelleleader fréi ënner Drock ze setzen. City huet d’Ufanksphas komplett dominéiert a vu Liverpool war kaum eppes ze gesinn, deemno war et iwwerraschend, dass déi éischt richteg gutt Chance vum Match no 18 Minutten op de Kont vun de Gäscht aus Liverpool goung. De Salah huet de Mané am Strofraum lancéiert, deem säi Schoss op de lénke Potto gaangen ass. Am Rettungsversuch huet de Stones den eegene Golkipp ofgeschoss, esou dass de Ball bal eragaangen ass, ma de Stones konnt uschléissend selwer op der Linn retten.
Liverpool stoung immens gutt an der Defensiv an ass elo och ëmmer besser an de Match komm. Manchester City konnt no 40 Minutten dunn awer a Féierung goen an dat duerch hir éischt richteg Chance. De Bernardo Silva huet de Ball an d’Mëtt bruecht op den Agüero, deen de Ball aus spetzem Wénkel an de Gol hummere konnt.
Manchester City ass nom Säitewiessel nees méi staark ginn a war déi besser Ekipp, ma wierklech geféierlech waren d’Jonge vum Pep Guardiola net wierklech. Bei de Reds huet et iwwerdeems einfach un der néideger Konsequenz gefeelt.
An der 64. Minutt dunn awer den Augläich fir Liverpool. Den Alexander-Arnold huet een Diagonalball op de Robertson gespillt, deen direkt queesch op de Firmino gepasst huet, deen aus kuerzer Distanz markéiere konnt.
8 Minutte méi spéit huet Manchester City dunn awer d’Partie entscheet. De Sterling huet de Ball op de Sané ginn an den Däitsche konnt mat engem stramme Schoss an de laangen Eck, dee widder de Potto an eragaangen ass fir d'2:1-Schlussresultat suergen.