
An der Bundesliga huet ënner anerem Dortmund géint Union Berlin gewonnen, wärend Stuttgart Wolfsburg duerch en Hattrick vum Guirassy geklappt huet.
Och eng Rei Lëtzebuerger Futtballer waren um Samschdeg am Ausland am Asaz.
Luton Town - Tottenham Hotspur 0:1
0:1 Van de Ven (53')
No enger wackeleger Ufanksphas huet Luton Town et de Spurs extrem schwéier gemaach, geféierlech Aktiounen ze kreéieren. Direkt virun der Paus krut de Bissouma du wéinst enger Schwalb seng zweet giel Kaart gewisen. Kuerz no der Halbzeit konnt Tottenham dann awer duerch de Van de Ven déi verdéngt Féierung markéieren. Dobäi sollt et och bis zum Schluss bleiwen, soudass déi bis ewell ongeschloen Ekipp vum Ange Postecoglou wéinstens bis e Sonndeg un d’Tabellespëtzt spréngt.
FC Burnley - FC Chelsea 1:4
1:0 Odobert (15'), 1:1 Al Dakhil (42', Selbstgol), 1:2 Palmer (50', Selbstgol), 1:3 Sterling (65'), 1:4 Jackson (74')
Chelsea huet sech duerch de fréie Réckstand net aus der Rou brénge gelooss a konnt nach virun der Paus ausgläichen. Am zweeten Duerchgang war d’Partie du méi eesäiteg, soudass d’"Blues” fir déi éischte Kéier dës Saison zwee Liga-Matcher um Stéck fir sech entscheeden.
Manchester United - FC Brentford 2:1
0:1 Jensen (26'), 1:1 McTominay (90+3'), 2:1 McTominay (90+7')
Laang huet et am Old Trafford dono ausgesinn, wéi wann de schwaache Start an d’Saison vu Manchester United géif weidergoen. Ma an der geckeger Nospillzäit war et awer dann den agewiesselte McTomiany, deen de Match komplett dréine konnt a sou fir d’Victoire vun de “Red Devils” suerge konnt.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
Inter Mailand - FC Bologna 2:2
1:0 Acerbi (11'), 2:0 Martinez (13'), 2:1 Orsolini (19', Eelefmeter), 2:2 Zirkzee (52')
Trotz fréier 2:0-Féierung konnt Inter de Virsprong net iwwer d’Zäit retten a muss sech sou um Enn mat engem Punkt zefridde ginn. D’Ekipp vum Simone Inzaghi ass domat tëschenzäitlech Tabellenéischten, ma AC Mailand kann awer e Samschdeg den Owend nach laanschtzéien.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
FC Metz - OGC Nice 0:1
0:1 Boudaoui (14')
Nice bleift och zu Metz weider ongeschloen an der neier Saison. Duerch de fréie Gol vum Boudaoui spréngt d’Ekipp vum Farioli zumindest bis e Sonndeg un d’Spëtzt vun der Ligue 1, iwwerdeems Metz mat 2 Victoiren aus 8 Matcher op Plaz 14 bleift.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1
FC Cadiz - FC Girona 0:1
0:1 Garcia (59')
Real Madrid - Osasuna 4:0
1:0 Bellingham (9'), 2:0 Bellingham (54'), 3:0 Vinicius (65'), 4:0 Joselu (70')
Real Madrid huet doheem géint Osasuna näischt ubrenne gelooss an ass scho fréi a Féierung gaangen. No der Paus huet de Bellingham mat sengem zweete Gol vum Dag nach een dropgesat, éier de Vinicius an de Joselu fir kloer Verhältnisser gesuergt hunn. D’Madrilene verdeedegen domat déi 1. Plaz an der Tabell, wärend Osasuna op Plaz 10 bleift.