BundesligaDortmund klappt Union Berlin, Stuttgart dréint de Match géint Wolfsburg

RTL Lëtzebuerg
Donieft gewënnt Darmstadt zu Augsburg, wärend RB Leipzig géint Bochum net iwwert e Gläichspill erauskënnt.
© AFP

Schonn um Freideg war de Leandro Barreiro mat Mainz géint Borussia Mönchengladbach am Asaz.

Borussia Dortmund decidéiert eng spannend an animéiert Partie géint Union Berlin mat 4:2 fir sech. No engem Corner fir de BVB an der 7. Minutt war et de Füllkrug, deen zur Féierung akäppe konnt. Direkt dono war et op en Neits den däitsche Nationalspiller, deen am Mëttelpunkt stoung, dës Kéier awer op der anerer Säit. Ee Kappball vum Gosens huet hien onhaltbar fir de Kobel an den eegene Gol gelenkt. No enger hallwer Stonn huet Union Berlin de Match dunn duerch en Eelefmeter vum Bonucci gedréint. An der zweeter Hallschent huet Dortmund awer opgedréint a war no Goler vu Schlotterbeck a Brandt an der 54. Minutt nees 3:2 a Féierung. Dem Ryerson säi Gol huet dunn den Deckel dropgemaach, woumat de BVB fir den Ament op Plaz 2 an der Tabell läit.

De Guirassy bleift weider an enger excellenter Form a schéisst Stuttgart sou zur 3:1-Victoire géint Wolfsburg. An enger relativ chancenaarmer éischter Hallschent konnt de Gerhardt no 34 Minutten fir de verdéngten 1:0 fir d’Wëllef suergen. Mat engem Eelefmeter an der 67. Minutt konnt de Guirassy awer nees ausgläichen. An der Schlussphas konnt de VfB du vun engem Feeler an der Wolfsburger Defense profitéieren an de Match dréinen. Nees war et de Guirassy, deen da just 4 Minutten drop och säin zweeten Hattrick vun der Saison komplettéiere konnt. Stuttgart spréngt domat wéinstens bis e Sonndeg un d’Spëtzt vun der Tabell.

RB Leipzig kënnt géint Bochum trotz Dominanz net iwwert een 0:0 eraus. Obwuel Leipzig iwwer 90 Minutten déi kloer iwwerleeën Ekipp ass, sollt d’Formatioun vum Marco Rose de Ball einfach net am Gol ënnerbrénge kënnen. De Riemann am Bochumer Gol hält dobäi souguer zwee Eelefmeter, geschoss vum Simons a vum Forsberg. Bochum bleift domat op Plaz 16 an der Tabell, wärend RB de Sprong op Plaz 2 verpasst.

Augsburg muss sech doheem mat 1:2 géint den Opsteiger aus Darmstadt geschloe ginn. Darmstadt war schonn am éischten Duerchgang déi besser Ekipp, konnt sech awer net belounen. Ma kuerz no der Halbzeit war et dunn de Skarke, dee seng Faarwe mat engem excellente Volley a Féierung brénge konnt. An der 70. Minutt gouf et dunn och nach en Eelefmeter fir d’Lilien, deen den Kempe sécher verwandelt huet. Den Demirovic konnt an der 86. Spillminutt nach den 1:2 markéieren, ma dee koum awer ze spéit, fir nach eppes ze änneren.

D’Statistike vun de Matcher

Klickt hei, fir op d’Säit mat all de Resultater ze kommen.

D’Klickt op de Match, fir d’Statistiken ze gesinn.

D’Tabell vun der Bundesliga

Back to Top
CIM LOGO