Internationale FuttballManchester United léisst Plomme géint Watford

RTL Lëtzebuerg
Donieft wënnt Juventus Turin beim FC Empoli a Real Madrid klappt Rayo Vallecano.
© AFP

An der däitscher Bundesliga konnt sech ënner anerem Bayern München géint Frankfurt behaapten a Leverkusen huet Bielefeld keng Chance gelooss.

Premier League

Leeds United - Tottenham Hotspur 0:4
0:1 Doherty (10’), 0:2 Kulusevski (15’), 0:3 Kane (27’), 0:4 Son (85’)

Schonns no enger knapper hallwer Stonn war de Match un der Elland Road entscheet. Dem Antonio Conte seng Ekipp war an der Ufanksphas immens effikass a konnt dräimol äiskal zouschloen. Duerch dës Victoire sprangen d’Spurs op déi 7. Plaz an der Tabell, wärend et fir Leeds United mat just 3 Punkten Avance op déi 18. Plaz elo ganz ongemittlech gëtt.

Manchester United - Watford 0:0

Manchester United fënnt och ënner dem Ralf Rangnick weiderhin net richteg an d’Spuer a kënnt am Old Trafford net iwwer en 0:0-Remis géint den 19. aus Watford eraus. Trotz 67 Prozent Ballbesëtz a ville Golschëss hunn d’"Red Devils” de Filet net fonnt, wouduerch déi 4. Plaz an domat d’Qualifikatioun fir d’Champions League ëmmer méi schwiereg gëtt.

Everton - Manchester City 0:1
0:1 Foden (82’)

LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League

Serie A

FC Empoli - Juventus Turin 2:3
0:1 Kean (32’), 1:1 Zurkowski (39’), 1:2 Vlahovič (45+2’), 1:3 Vlahovič (66’), 2:3 La Mantia (76’)

An engem animéierte Match ass et op en Neits den Dusan Vlahovič, dee senger neier Ekipp duerch zwee Goler zur Victoire verhëlleft. D’"Bianconeri” verkierzen domat den Ofstand zum AC Mailand un der Spëtzt op 7 Punkten.

US Sassuolo - Fiorentina 2:1
1:0 Traoré (19’), 1:1 Cabral (88’), 2:1 Defrel (90+4’)

LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A

Ligue 1

Stroossbuerg - Nice 0:0

Paris Saint-Germain - Saint-Etienne 3:1
0:1 Bouanga (16’), 1:1 Mbappé (42’), 2:1 Mbappé (47’), 3:1 Pereira (52’)

Och wa bei den Haushären nees Messi, Neymar an Mbappé vun Ufank u gespillt hunn, huet PSG an der éischter Hallschent keng wierklech iwwerzeegend Leeschtung konnte weisen. Virun dem Mbappé seng individuell Qualitéit huet dem Veräin aus der franséischer Haaptstad dunn awer d’Féierung abruecht, déi d’Ekipp vum Mauricio Pochettino dunn och net méi aus der Hand ginn huet.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1

La Liga

Rayo Vallecano - Real Madrid 0:1
0:1 Benzema (83’)

Laang huet et duerno ausgesinn, wéi wann d’Lokalekipp am klenge Madrid-Derby de “Kinneklechen” zwee Punkte géint klauen, ma kuerz viru Schluss huet de Benzema awer nach de Filet fonnt. Domat huet d’Ekipp vum Carlo Ancelotti elo bei engem Match méi 7 Punkte Virsprong op den Zweeten aus Sevilla.

Atletico Madrid - Celta Vigo 2:0
1:0 Lodi (36’), 2:0 Lodi (60’)

LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga

Back to Top
CIM LOGO